Resilienz vun den Transportweeër vu medezineschem an Impfmaterial

An enger Publikatioun vun enger globaler Liwwerfirma ass dorop higewise ginn, dass et fir Länner déi um technesche Niveau manner developpéiert sinn kéint dozou kommen, dass dat entspriechend medezinescht Material an Impfungen des Regiounen an der Pandemie nëmme schwiereg kënnen erreechen. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim Ministère fir Kooperatioun nogefrot ob esou Problemer an dëse Länner effektiv optrieden, an a wéi wäit Lëtzebuerg sech do ënnerstëtzend engagéiert.

« Dans son rapport ‘Delivering Pandemic Resilience’ de septembre 2020, DHL a évalué les moyens nécessaires pour garantir des chaînes de distributions résilientes pour vaccins et matériaux médicaux pendant la pandémie du Covid-19 et pour le cas échéant de futures urgences sanitaires.

La publication se base sur de multiples discussions avec des experts de l’industrie et d’organisations non-gouvernementales, sur la recherche publique ainsi que sur leur propre expérience extensive dans le secteur de la logistique.

En portant un regard géographique sur la distribution du vaccin, et en considération du fait que la température joue un rôle primordial dans sa conservation, DHL note que les pays aux infrastructures et chaînes du froid limitées se voient potentiellement face à des enjeux plus problématiques. Ainsi, l’entreprise considère dans son rapport que de grandes parties de l’Afrique, de l’Amérique du Sud et de l’Asie manquent les capacités requises et suggère des moyens de transports innovatifs et spécialisés afin d’atteindre les populations dans les régions excentrées.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire:

  • À ce stade, est-ce que Monsieur le Ministre est au courant de tels problèmes dans les pays avec lesquels l’État luxembourgeois a signé un accord général de coopération et l’aide humanitaire ?
  • Dans l’affirmative, est-ce que le Grand-Duché de Luxembourg a prévu d’apporter de l’aide dans ces régions suivant l’objectif de développement durable “Bonne santé et bien-être’ des Nations Unies, ayant pour but de ‘permettre à tous de vivre en bonne santé et promouvoir le bien-être des tous à tout âge” ? »

Äntwert

D’Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht fokusséiert hir Aktivitéiten op d’Verstäerkung vun de Gesondheetssystemer a senge Partnerlänner. Dës Verstäerkung soll och zu der Notzung vun der Impfung géint Covid-19 an dëse Länner bäidroen. D’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg fënnt am Kader vun der Initiativ “Team Europe” statt. Zënter dem Ufank vun der sanitärer Kris huet Lëtzebuerg bal 69 Milliounen EUR bäigedroen, mat engem geographesche Fokus op Westafrika. D‘Ënnerstëtzung duerch déi lëtzebuergesch Kooperatioun enthält och sektoriell Ënnerstëtzungen a Bäiträg zu multilateralen Mechanismen. Lëtzebuerg kontrolléiert d’Situatioun um Terrain genau fir kënne, falls néideg, passend op déi identifizéiert Besoinen ze reagéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...