Kongress vum Bezierk Norde, de Mëttwoch 6. Mee 2026 am Clierfer Schlass: Virun engem volle Sall huet de President Mike Poiré ënnerstrach, datt d’DP schonn ëmmer d’Partei vun de sozial-liberale Wäerter war, déi fir Fräiheet, Toleranz a Responsabilitéit steet an där de wirtschaftlechen a soziale Fortschrëtt um Häerz läit. De roude Fuedem vun der DP-Politik wier d’Solidaritéit, un där sech all Decisiounen orientéiere missten. Fir déi nächst Chamberwale vun 2028 géing et am Norden drëms, déi zwee Sëtz ze behalen, respektiv auszebauen.
Et sinn all déi, déi eis an hire Gemenge vertrieden, déi den Echange an den Zesummenhalt basisdemokratesch a parteiintern stäerken. Fir eis een deen aneren z’inspiréieren, ze hëllefen a fir eise politesche Programm opzestellen. Nëmmen zesumme si mir staark.






Och den Nord-Deputéierten André Bauler ass op déi sozial Facette vun der Politik agaangen, dorënner d’Lutte géint d’Aarmut. Aarmut wier keng banal Statistik, ma eng ganz konkret Liewenssituatioun, an där dës Regierung de betraffene Biergerinnen a Bierger geziilt an onbürokratesch hëllefe géing. Et wier essenziell, datt d’Politik de Leit hir Besoinen um Terrain upaakt, esou de Vizepresident vun der Chamber. Eng pragmatesch Aarbecht, wéi se notamment an de Gemenge géing praktizéiert ginn, an deenen DP-Mandataire Responsabilitéit droen.
D’DP ass effektiv d’Partei, déi do ass, wann et gëllt, esou och den Deputéierte Marc Hansen: Net mat Floskelen, ma mat reeller Aarbecht. Dat géing sech elo nees bei der Tripartite weisen, wou een e Gefill misst hunn, fir mat de Leit ze schwätzen a mat hinnen ze verhandelen. Eppes, wat de Xavier Bettel ëmmer à merveille fäerdeg bruecht hätt. En Talent, dat elo erëm néideg wier. Grad ewéi Verantwortung iwwerhuelen.
D’Zesummesetzung vum neie Regionalcomité Norden fënnt een hei.






Och de Kultur- an Tourismusminister Eric Thill huet un d’Responsabilitéit vun der Politik, besonnesch a Krisenzäiten, erënnert. Hien huet dobäi dem Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles seng Initiativ Einfach, séier, erneierbar ervirgehuewen, déi de Leit an der Energiekris konkret ënnert d’Ärem gräift an hir Kafkraaft stäipt. E wier allzäit wichteg, fir weider op de Lëtzebuerger Modell ze setzen, besonnesch en vue vun den Erausfuerderungen am Iran oder an der Ukrain, op déi Lëtzebuerg keen direkten Afloss hätt. An esou Zäite géing d’Kultur eng ganz wichteg Roll spillen, déi den Zesummenhalt vun eiser ganzer Gesellschaft stäerkt. Dofir och den éischten Aktiounsplang vum Accès la Culture, deen all de Mënschen d’Kultur méi no bréngt, déi dat wëllen.
Ofschléissend huet d’Carole Hartmann betount, datt eng staark Sozialpolitik och eng staark Wirtschaft bräicht. Besonnesch a méi schwéieren Zäite misst een dofir suergen, datt d’Ekonomie kompetitiv bleift, fir z.B. eng adequat Logements-, Sozial- oder Bildungspolitik ze finanzéieren. D’Parteipresidentin huet awer och un déi europäesch DNA vun der DP erënnert. Lëtzebuerg wier als klengt Land nëmme staark, wann och Europa staark ass. Déi Krisen, an deene mer elo sinn, géifen eis dat nach eng Kéier ganz, ganz däitlech weisen.




