Situatioun am Noen Osten

Den DP-Deputéierte Gusty Grass ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Regierung séier an effikass wäert reagéieren, fir déi knapp 600 Lëtzebuerger ze rapatriéieren, déi vun de Suitte vum Konflikt am Noen Oste betraff sinn.

No der Regierungserklärung an der Chamber iwwer d’Situatioun am Noen Osten huet de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, deen sech no den Attacken ouni UNO-Mandat an de Riposte vum Iran, déi och schonn den EU-Member Zypern betraff hunn, undeit.

D’Europäesch Unioun a seng NATO-Alliéiert stéingen elo virun der delikater Fro, wéi se sech an dësem Konflikt positionéiere sollen. Éischt wirtschaftlech Konsequenzen, wéi d’Hausse vun den Ueleg- a Gaspräisser, wiere schonn ze spieren.

De Gusty Graas fuerdert eng méi aktiv Roll vun der EU, déi sech virun allem op Diplomatie an Deseskalatioun konzentréiere sollt. Europa kéint hei Brécke bauen. Dofir bräicht et awer eng eenheetlech Linn, wat leider aktuell net de Fall wier. D’Demokratesch Partei ass op alle Fall solidaresch mat den attackéierte Länner an der Géigend a rifft den Iran op, direkt mat sengen Ugrëff opzehalen.

Dee Konflikt misst eis seriö Suerge maachen a schéngt ze weisen, datt d’USA dat internationaalt Vëlkerrecht net mei respektéieren an et op globalem Niveau ëmmer mei duerch d’Recht vum Stäerksten ersat gëtt, esou de Constat vum aussepolitesche Spriecher vun der DP.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...