Search
Generic filters
Sport

Sport

Sport a Beweegung: E gesond Liewe fërderen

D’DP moosst dem Sport eng héich gesellschaftspolitesch Bedeitung zou. De Sport fërdert d’Gesondheet, vermëttelt Toleranz a Teamgeescht, hëlleft sozial Diskrepanzen z’iwwerwannen an ass e wichtegen Integratiounsfaktor. Mir wëllen dës Bedeitung bei de Leit stäerken an de Breede-, Leeschtungs-, a Behënnertesport an deem Sënn fërderen.

Déi finanziell Ënnerstëtzung fir d’Jugendaarbecht ass an der leschter Legislaturperiod ganz vill an d’Luucht gesat ginn. Mat der Aféierung vum „Subside Qualité Plus“ ass de Montant vun der Ënnerstëtzung u kloer Ausbildungskritäre vun de Trainere geknäppt ginn. Fir déi lokal Veräiner ass dëst een zousätzlechen Ureiz, fir an eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de jonke Sportler z’investéieren.

Nieft de Veräiner sinn och d’Sportsverbänn Piliere vum Lëtzebuerger Sport. Dës grouss Verantwortung gëtt dagdeeglech vun ee puer wéinege Fräiwëllege gedroen, ouni där hiren onermiddlechen Asaz keng Kompetitioun am Land méi kéint stattfannen. D’Federatioune stousse besonnesch bei den administrativen Uspréch un hir Grenzen. Mir wäerten dofir d’Sportsverbänn ënnerstëtzen, fir sech méi professionell opzestellen an d’Professionaliséierung vum Verbandssport an deem Sënn virundreiwen.

D’DP wëll och dem Beweegungsmanktem bei de Kanner konsequent entgéintwierken. De Manktem u kierperlecher Aktivitéit ass zu engem eeschte Problem vun de Famillje ginn. D’Konsequenze gi vun enger schlechter Fitness iwwer eng schlecht Kierperhaltung, bis zu enger schlechter Leeschtungsfäegkeet. Mir wäerten dofir d’Beweegungserzéiung, bannent a baussent vun der Schoul, extra ënnerstëtzen.

Laangfristeg 1% vum Staatsbudget an de Sport investéieren

D’Gesondheetsfërderung an d’Krankheetspräventioun hunn hire Präis. D’DP wëll sech dofir an de kommende Joren dofir asetzen, fir de Budget vum Sportsministère laangfristeg op 1% vum Staatsbudget z’erhéijen. D’Wuelbefanne vun der Gesellschaft ass eis dat Wäert. Dobäi solle virun allem zousätzlech finanziell Mëttel a Mesure géint de Beweegungsmanktem a fir de Breedesport investéiert ginn.

Dem Beweegungsmanktem bei klenge Kanner entgéintwierken

Kleng Kanner beweegen sech scho vun sech aus gären, et muss een hinne just d’Méiglechkeet dozou ginn. D’DP wäert dofir suergen, datt déi ënnerschiddlech Bildungsstrukturen (Schoulen, Maison Relaisen an aner Kannerbetreiungsstrukturen) genuch an adequat Raimlechkeeten hunn, fir datt d’Kanner sech kënne gär a fräi beweegen.

Mat Beweegung léieren: Projet „Beweegt Schoul“ ausbauen

D’DP wëll de Projet „Beweegt Schoul“ an de Grondschoulen an an de Maisons Relaise weider ënnerstëtzen, fir eppes géint de Beweegungsmangel vu ville Kanner ze maachen. D’Zil ass et fir zousätzlech 15 bis 20 Minutte Beweegung z’integréieren. Duerch Oplockerungsphasen, beweegt Pausen, Beweegungsstatiounen am Klassenzëmmer, ma och duerch e beweegten Unterrecht, kréien d’Kanner Loscht a Freed un der Beweegung vermëttelt a gläichzäiteg gëtt hir Konzentratiouns- a Léiercapacitéit erhéicht.

Bei der Trainerformatioun op Qualitéit setzen

D’Beweegungserzéiung fënnt net nëmmen an der Schoul statt. Och d’Trainer droen an de Sportsveräiner hir Verantwortung fir eng Fërderung vum Beweegungsapparat. Aus dësem Grond wäert sech d’DP fir eng geziilt Fërderung vun der Trainerausbildung asetzen. D’Veräiner solle weider duerch Subsiden ënnerstëtzt ginn, wa si op qualifizéiert Trainer fir d’Betreiung vun de jonke Sportler zielen.

Sportsverbänn administrativ entlaaschten an d'Professionaliséierung virundreiwen

D’Sportsverbänn sinn d’Basis vum Lëtzebuerger Sportswiesen. Déi administrativ Uspréch an d’Aufgabe vun de Sportsverbänn si mat der Zäit gewuess. Fir datt d’Sportsfederatiounen net eleng op déi vill Aarbecht vun de Fräiwëllegen ziele mussen, wäert d’DP si konsequent administrativ entlaaschten an d’Professionaliséierung virundreiwen.

Leeschtungs- a Spëtzesport fërderen

Leeschtungs- a Spëtzesport si wonnerbar Ambassadeuren an eng Visitekaart fir eist Land am Ausland. Si si gläichzäiteg en Ureiz an eng Erausfuerderung fir den Eenzelen an den Ausdrock vu Leeschtungswëllen an -fäegkeet vun der Gesellschaft. Mir stinn zum Konzept vun enger sougenannter „Dual Carrier“ , duerch déi de Sportler säi Leeschtungssport a seng Ausbildung ka matenee verbannen. Doriwwer eraus sollen och Ureizer geschafe ginn, fir privat Entreprisë mat an d’Fërderung vum Héichleeschtungssport anzebannen.

 

D’Ënnerstëtzung vum Behënnertesport steet genausou am Fokus vun eise Beméiungen. Déi formidabel Leeschtungen an deem Beräich sinn net nëmmen eng Motivatioun fir d’Sportler, mä fir all d’Leit mat enger Behënnerung. D’DP wäert d’Sportler wieder ënnerstëtzen, fir datt si hire Sport barrièrefräi kënnen ausüben.

Sportfërderungsprogramm vum COSL ëmsetzen

D’DP gesäit am sougenannten „Concept Intégré pour le sport au Grand-Duché du Luxembourg“ vum COSL eng wichteg a richtungsweisend Gesamtstrategie fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sportlandschaft. Esouwuel den Olympia-Stëtzpunkt ewéi d’Fërderung vun der „Dual Carrier“ oder déi méi professionell Ënnerstëtzung fir d’Sportsverbänn komme aus dem Fërderungskonzept. D’DP wäert déi Mesuren an Zesummenaarbecht mat alle betraffenen Institutiounen, Partner a Verbänn ëmsetzen.

De „Congé sportif“ evaluéieren

De „Congé sportif“ ka Spëtzesportler, sportlech Betreier an Arbitteren accordéiert ginn, fir un internationale Kompetitiounen deelzehuelen. D’DP wäert dës Zort vu Congé bilanzéieren an eventuell d’Dauer, d’Prozedur an d’Beneficiairen no transparente Kritären upassen.

Sport huet eng gesellschaftlech Virbildfunktioun

D’DP bekennt sech zu engem propperen, dopingfräie Spëtzen- a Breedesport. Mir wäerten de Kampf géint den Dopping konsequent weiderféieren. Op déi nämmlecht Manéier wäerte mir Rassismus, Haass an Homophobie am Sport déi rout Kaart weisen an an alle Fäll op eng NullToleranz-Politik setzen.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp