Super Support fir déi nei Spëtzt vun der DP

Um éischten Nationalkongress en présentiel no 3 Joer hunn d’Memberen am struppevolle Centre Atert zu Bartreng eng nei Parteiféierung op nationalem Niveau an op Bezierksniveau gewielt. De Vertrauensbeweis fir d’Kandidate war immens grouss.

Esou ass eisen neie President Lex Delles gëscht mat 98,95% vun de Stëmme gewielt ginn.

Eis nei Generalsekretärin Carole Hartmann krut 97,91% Zoustëmmung.

Éischte Vizepresident ass de Max Hahn. Déi 2 zweet Vizepresidente sinn de Marc Hansen an de Claude Lamberty. D’Myriam Feyder ass nei Tresorière.

De Kongress war awer och d’Geleeënheet fir dem Corinne Cahen no 7 Joer Presidence e grousse MERCI ze soen. Eng Presidence, an där eis Partei grouss Erfolleger gefeiert huet. Eng Presidence, wärend där d’DP sech weider moderniséiert an organiséiert huet. Eng zolidd Basis, op déi eis nei Spëtzt kann opbauen, fir déi kommend Gemengen- a Chamberwale mat Succès ze kréinen.

  • Resultater vun de Wale vum Bureau exécutif [méi…]
  • Resultater vun de Wale vum Comité directeur [méi…]

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...