Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn. D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

Fro

« La « Travel Clinic » délivre des conseils aux voyageurs avant un déplacement dans des régions tropicales et réalise les vaccinations nécessaires. C’est également le seul centre de vaccination contre la fièvre jaune au Luxembourg. En addition, le CHL dispose d’une « Travel Clinic pédiatrique », où il faut prendre rendez-vous au moins un mois avant le départ à l’étranger, comme indiqué sur le site internet du CHL.

Pour la « Travel Clinic », il n’est pas indiqué combien de temps à l’avance il faut prendre rendez-vous, mais il nous revient que le délai d’attente serait actuellement d’environ deux mois.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale :

  • Combien de patients la « Travel Clinic » et la « Travel Clinic pédiatrique » ont-elles reçu au cours des dix dernières années et comment les délais d’attente ont-il évolué au cours de cette période ?
  • Est-il vrai que le délai d’attente actuel pour un rendez-vous à la « Travel Clinic » est de deux mois ?
  • Madame la Ministre, estime-t-elle que le délai d’attente approximatif pour la « Travel Clinic » devrait être régulièrement indiqué sur le site Internet du CHL, afin que les citoyens puissent planifier et préparer au mieux leur voyage à l’étranger ? Dans la négative, pour quelles raisons ?
  • Le CHL propose une prise de rendez-vous en ligne pour une majorité de ses services médicaux, dont la « Travel Clinic pédiatrique ». Une telle offre n’existe pas pour la « Travel Clinic ». Madame la Ministre, connaît-elle les raisons pour lesquelles une prise de rendez-vous en ligne n’est pas proposée pour la « Travel Clinic » ?
  • Madame la Ministre, estime-t-elle qu’un alignement des prises de rendez-vous à l’instar de la « Travel Clinic pédiatrique » serait souhaitable ?»

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...