Wéi vill ginn d’Noutfall Bornen op den Autobunne genotzt?

D’Noutfall Telefonen erlaben engem am Fall vun engem Accident op der Autobunn mat de néidege Servicer a Kontrakt ze trieden an Hëllef unzefroen. Haut des Daags gräifen awer ëmmer méi Leit op hiren eegenen Handy zeréck. Wéi vill ginn dës Bornen nach genotzt, a wat kascht hiren Ënnerhalt. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

« Am Summer profitéiere vill Leit fir am noen oder méi wäiten Ausland Vakanz ze maachen. Niewent Zuch a Fliger bleift den Auto e beléiften Transportmëttel fir op déi jeeweileg Destinatiounen ze reesen. D’Sécherheet vun de Chauffeuren op de Stroossen bleift domat eng Prioritéit.

Laut dem leschten Update um Site vun den Travaux publics, goufen et 2015 eng ronn 150 Nouttelefonen op de Lëtzebuerger Autobunnen. Dës sinn an den 80er Joren agefouert, a säit 2015 duerch nei Modeller an e méi moderne System ersat ginn.

An Däitschland sinn d’Uriff, déi vun dëse Bornen aus gemaach ginn, iwwert déi lescht Jore frappant erofgaangen. Dëst kéim ënnert anerem dohir, well nei Autoen zanter 2018 obligatoresch mat engem E-Call System mussen ekipéiert sinn. A Frankräich géifen d’Nouttelefonen och lues a lues verschwannen, an defekt Apparater géife net méi ersat ginn. Och an der Belsch hätt ee festgestallt dass d’Uriff vun dësen Telefonen ëmmer manner ginn. An der Wallonie wier fir 2021 esouguer decidéiert ginn, déi sougenannte ‚bornes d’appel d’urgences‘ ganz ofzeschafen. Allgemeng schéngt et, als géifen d’Nouttelefonen ëmmer méi duerch Handy Applikatioune wéi ‚SOS Autoroutes‘ oder ‚Edwige‘ ersat ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Inneministesch an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Nouttelefone ginn et aktuell op de Lëtzebuerger Stroossen?
  • A wat fir enger Frequenz ginn dës Borne kontrolléiert?
  • Wat waren d’Käschte vum Ënnerhalt pro Joer säit der Aféierung vun de neie Modeller 2015?
  • Wéi vill Appeller sinn iwwer déi lescht 15 Joer pro Joer iwwer dës Nouttelefone getätegt ginn?
  • Wat waren an dëse Fäll d’Haaptgrënn firwat ugeruff ginn ass?
  • Ginn et Pläng zu Lëtzebuerg de Reseau vun dëse Borne weider auszebauen oder ze moderniséieren? »

Äntwert

Wéi vill Nouttelefone ginn et aktuell op de Lëtzebuerger Stroossen?

Aktuell ginn et 245 Nouttelefonen um Lëtzebuerger Autobunnsreseau.

A wat fir enger Frequenz ginn dës Borne kontrolléiert?

Eemol pro Joer gëtt en Entretien op den 245 Bornen gemaach. Wann an der Zäit tëscht den Entretienen eng Born e Problem huet, gëtt dat automatesch beim CITA gemellt an de Problem am Uschloss behuewen.

Wat waren d’Käschte vum Ënnerhalt pro Joer säit der Aféierung vun de neie Modeller 2015?

D’Käschte fir den Entretien vun den 245 Bornen belafe sech op ronn 10.000 Euro pro Joer. Ze bemierken ass, datt d’Bornen mat Solarzellen equipéiert sinn an deementspriechend autark funktionéieren, also keen zousätzlechen Uschloss un de Stroumreseau erfuerderlech ass.

Wéi vill Appeller sinn iwwer déi lescht 15 Joer pro Joer iwwer dës Nouttelefone getätegt ginn? Wat waren an dëse Fäll d’Haaptgrënn firwat ugeruff ginn ass?

De CGDIS verfüügt eréischt säit der Aféierung vum Einsatzleitsystem («ELS») 2016 iwwer Donnéeë vun den Appeller, déi iwwert d’Nouttelefonen op den 112 erakommen. Virun 2016 sinn dës Appeller iwwer e Programm vum CITA transitéiert, soudatt déi gewënschte Statistik aus dëse Jore net virläit.

Säit 2016 sinn 1.382 Appeller enregistréiert ginn:

  • 2016: 150
  • 2017: 169
  • 2018: 217
  • 2019: 223
  • 2020: 209
  • 2021: 224
  • 2022: 190 (bis de 7. September)

Et stellt ee fest, datt dës Appeller, déi zum Beispill 2021 ronn 0,6% vun allen Noutriff ausgemaach hunn, iwwert déi lescht 5 Joer konstant bliwwe sinn.

Déi grouss Majoritéit vun den Uriff op den 112, déi vun enger Born aus gemaach gi sinn, ware Meldunge vun enger Pann. Am Joer 2021 goufen zum Beispill 6 Accidenter, 3 Bränn an 2 medezinesch Urgencen iwwer eng Born gemellt. 213 mol gouf eng Pann gemellt, oder et huet sech ëm en Test oder en techneschen Defekt gehandelt. D’Pannemeldunge leet den 112 un de CITA weider.

Ginn et Pläng zu Lëtzebuerg de Reseau vun dëse Borne weider auszebauen oder ze moderniséieren?

D’Borne sinn um leschte Stand vun der Technik a brauchen net moderniséiert ze ginn.

De Reseau vun de Bornen gëtt am Kader vun Neibauprojeten op den Autobunnen, wéi zum Beispill beim Projet “Liaison Micheville – Contournement de Raemerich”, ausgebaut. Op dësem Segment sinn zum Beispill 4 nei Bornen geplangt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Firwat gouf de Rappel vun Otemgeräter eréicht sou spéit bekannt ?

Am Juli 2021 huet eng Entreprise hir medezinesch Otemgeräter weltwäit zeréckgeruff. Dëse Rappel gouf zu Lëtzebuerg awer eréischt Enn Oktober bekannt. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wien an esou enger Situatioun responsabel fir d’Kommunikatioun mat de betraffene Leit ass, firwat d’Informatioun net mat Zäite bekannt ginn ass, an ob d’Prozeduren ënner Ëmstänn ugepasst misste ginn.

weiderliesen...

Ginn zousätzlech Mesüre geholl fir déi vill Bronchiolittfäll ze meeschteren?

Déi héich Zuelen vu Bronchiolitt féieren zu enger Iwwerlaaschtung an de Pediatrien. A Frankräich ass op nationalem Niveau de „wäisse Plang“ ausgeruff ginn, ee sanitären Noutfall- a Kriseplang, dee bei enger Epidemie de Fonctionnement vun de Spideeler verbessere soll.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob och hei am Land zousätzlech Mesüre geholl wäerte ginn, fir d’Gesondheetsversuergung vun eise Kanner weider ze garantéieren a wéi een eng Iwwerlaaschtung vun de Pediatrien an Zukunft verhënnere wëll.

weiderliesen...

AMMD verléisst de Conseil de gérance vun der Agence eSanté

D’Memberen vun der AMMD hunn de Conseil de gérance vun der Agence eSanté verlooss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi hir Reaktioun op dës Demissioun ass, wéi eng Auswierkungen dëst op de Fonctionnement vum Conseil de gérance wäert hunn an op den Dialog mat der AMMD gesicht wäert ginn.

weiderliesen...