„Laanscht d‘Uelzecht an d‘Sauer schéngt eng ganz Rëtsch Beem krank oder vun engem Insekt befall ze sinn. Jiddenfalls sinn d’Blieder vun dëse Beem gefriess ginn a schéngen och net méi nei ze schéissen. Sou z.B. tëscht Ettelbréck an Dikrich laanscht d’Ënnersauer.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:
- Ass d’Naturschutzverwaltung dësem Phänomen schonn op de Fong gaang?
- Ëm wat fir eng Kränkt handelt et sech?
- Handelt et sech heibäi éischter ëm een zäitweilegen oder ëm ee reng zoufällege Phänomen ?“