Wou sinn d’Projeten vun zwou bidirektionale Busspueren drun?

De Mobilitéitsministère hat ugekënnegt, op zwou Plazen am Land eng bidirektional Busspuer ze schafen, op där de Bus moies an déi eng an owes an déi aner Richtung fuere kann. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou déi zwee Projeten drun sinn.

„Mam Zil d’Stroossen an a ronderëm d‘Stad an de Spëtzenzäiten z’entlaaschten an dem ëffentlechen Transport Prioritéit ze ginn, ass geplangt op zwou Plazen am Land eng bidirektional Busspuer ze schafen.

Sou ass virgesinn, op der N11 tëscht Gonnereng an dem Waldhaff an op der N7 am Eecher Bierg en Spuer z’amenagéieren, op där de Bus moies an déi eng an owes an déi aner Richtung fuere kann.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi wäit sinn d’Aarbechten un den zwou genannte Busspueren?
  • Kann den Här Minister Detailer zur konkreter Ëmsetzung ginn?
  • Bis wéini kéinten déi zwou Busspuere fir den Trafic opgoen?
  • Op wéi engen anere Plaze sinn änlech Projeten ugeduecht?“

Äntwert

Wéi wäit sinn d’Aarbechten un den zwou genannte Busspueren?

De Projet vun enger variabeler Busspuer ob der N7 am Eecherbierg huet sech als net realiséierbar erwisen a gouf dowéinst am Groupe de pilotage „Couloirs bus“ vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten am September 2021 net zeréckbehalen. Hei soll elo eng klassesch Busspuer geplangt ginn. D‘Machbarkeetsstudien hunn op dëser Plaz och rezent ugefaangen.

Wat d‘variabel Busspuer ob der N11 tëschent dem Waldhaff a Jonglënster ubelaangt, ass de Projet vun der Busspuer an dräi Sektiounen ënnerdeelt ginn:

  1. Ëmgestaltung vun der Kräizung N11/CR126 um Waldhaff

D’Etüd fir Ëmgestaltung vun der Kräizung N11/CR126 ass ofgeschloss. De Projet gesäit eng median Busspuer um Waldhaff mat Prioriséierung fir de Bus duerch eng Liichtsignalanlag vir. Des Weideren ass eng Beschleunegungsspuer op der N11 a Richtung Lëtzebuerg vum CR126 aus kommend am Projet integréiert.

Déi néideg Autorisatiounen zur Realisatioun vun dësem Projet stinn awer nach aus well de globalen Impakt op d’Natura 2000 Zon vum Gréngewald wéinst dëser Sektioun vum Projet nach muss studéiert ginn.

  • Sektioun Echangeur Waldhaff bis Kräizung N11/CR126 um Waldhaff

D’Etüd fir den detailléierte Virprojet vun der Sektioun Echangeur Waldhaff bis op d’Kräizung N11/CR126 mat der Lénksofbéierspuer fir de Bus op déi südlech Opfaart vun der A7 ass gutt fortgeschratt. Zesumme mat der Waasserverwaltung gouf en Entwässerungsprinzip an de Waasserschutzzonen opgestallt, wat an de Projet afléisse konnt. Folgend kennen och deemnächst d‘Demande fir d’Autorisatiounen un d‘Waasserverwaltung an un d’Naturverwaltung gestallt ginn. Den Dossier vun der Liichtsignalanlag gëtt aktuell nach studéiert.

  • Sektioun Kräizung N11/CR126 um Waldhaff bis an d’Entrée vu Gonnereng

D’Etüde fir d’Ausschaffe vun engem detailléierte Virprojet si lancéiert.

Kann den Här Minister Detailer zur konkreter Ëmsetzung ginn?

Déi geplangte median bidirektional Busspuer tëschent Gonnereng an dem Echangeur Waldhaff op der N11 beleeft sech op eng Gesamtlängt vu ronn 5,75 Kilometer. Op bal der ganzer Längt vum Projet verleeft d’N11 duerch d‘Habitatzon Natura 2000 vum Gréngewald an zum Deel duerch Quelleschutzzone vum Anzuchsgebitt vun der Stad Lëtzebuerg.

Fir déi geplangte median Busspuer ze realiséiere muss d’N11 lokal ëm eng Spuer verbreet ginn, wouduerch op deene Plazen den Rampli muss nei befestegt an d’Entwässerung sécher gestallt ginn. Fir den Impakt op de Flächeverbrauch vum Gréngewald zu minimiséiere gëtt e verstäerkte Remblais mat „terre armée“ hiergestallt wat et méiglech mécht de neie Rampli esou kuerz wéi méiglech ze halen an ze begréngen. Déi néideg Entwässerungsmoossname wéi oppe Grief a Réckhaltebecke gi mat dem Waasserverwaltung an der Planungsphase vum Projet ofgeklärt.

Fir d’Busspuer median bidirektional op der N11 ze bedreiwen (moies a Richtung Echangeur Waldhaff an owes a Richtung Gonnereng) brauch et eng dynamesch Gestioun vun de Spueren, an d’Buschaufferen an d’Automobiliste mussen entspriechend Informatiounen duerch ee System vun enger „Ouverture de voie“ an déi aktuell Richtung vun der Busspuer matgedeelt kréien.

Dozou ginn a reegelméissegen Ofstänn Portiquë mat Liichtsignaler amenagéiert, déi a Funktioun vun der Verkéierssituatioun vum Centre de Contrôle du trafic (CITA) ugesteiert ginn.

Bis wéini kéinten déi zwou Busspuere fir den Trafic opgoen?

Am Hibléck op de Fait, dass nach net all déi néideg Autorisatioune virleien, ass et mir net méiglech ee genauen Datum betreffend der Fäerdegstellung vum genannte Projet op der N11 ze nennen.

Op wéi engen anere Plaze sinn änlech Projeten ugeduecht?

De Groupe de Pilotage „Couloirs bus” vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten definéiert, notamment am Kontext vum Plan National de Mobilité 2035, d’Besoinen un d’Infrastruktur an d‘Mesuren déi Fluiditéit an d‘Effizienz vum Busverkéier erhéije kéinten. Zu dëse Mesure gehéiert den Amenagement, wéi hei vum honorabelen Deputéierte beschriwwen. Esou een Amenagement ass awer bis ewell nach op kenger anerer Plaz konkret virgesinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Firwat gouf de Rappel vun Otemgeräter eréicht sou spéit bekannt ?

Am Juli 2021 huet eng Entreprise hir medezinesch Otemgeräter weltwäit zeréckgeruff. Dëse Rappel gouf zu Lëtzebuerg awer eréischt Enn Oktober bekannt. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wien an esou enger Situatioun responsabel fir d’Kommunikatioun mat de betraffene Leit ass, firwat d’Informatioun net mat Zäite bekannt ginn ass, an ob d’Prozeduren ënner Ëmstänn ugepasst misste ginn.

weiderliesen...

Ginn zousätzlech Mesüre geholl fir déi vill Bronchiolittfäll ze meeschteren?

Déi héich Zuelen vu Bronchiolitt féieren zu enger Iwwerlaaschtung an de Pediatrien. A Frankräich ass op nationalem Niveau de „wäisse Plang“ ausgeruff ginn, ee sanitären Noutfall- a Kriseplang, dee bei enger Epidemie de Fonctionnement vun de Spideeler verbessere soll.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob och hei am Land zousätzlech Mesüre geholl wäerte ginn, fir d’Gesondheetsversuergung vun eise Kanner weider ze garantéieren a wéi een eng Iwwerlaaschtung vun de Pediatrien an Zukunft verhënnere wëll.

weiderliesen...

AMMD verléisst de Conseil de gérance vun der Agence eSanté

D’Memberen vun der AMMD hunn de Conseil de gérance vun der Agence eSanté verlooss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi hir Reaktioun op dës Demissioun ass, wéi eng Auswierkungen dëst op de Fonctionnement vum Conseil de gérance wäert hunn an op den Dialog mat der AMMD gesicht wäert ginn.

weiderliesen...