Wunnen

Wunnen

Wunnengsbau: Wunnraum schafen

De Mangel u bezuelbarem Wunnraum zu Lëtzebuerg ass zanter ville Joren eng grouss Erausfuerderung. Déi haiteg Situatioun ass dorobber zréckzeféieren, datt de Wunnengsbau de tatsächlechem Besoin zanter Joerzéngten net decke kann. Obwuel dat Thema schonn zanter Joren op der politescher Agenda steet, hunn déi viregt Regierungen et verpasst, déi noutwenneg landesplaneresch Weichen ze stellen an dem Wunnengsbau déi héchste Prioritéit z’accordéieren. Déi vun der DP-gefouert Regierung huet et an dëser Legislaturperiod fäerdeg bruecht, de Stau an der Landesplanung opzeléisen. Duerch d’Publikatioun vun de Plans sectoriels an dem Starte vum Participatiounsprozess gouf de Wee fir kloer landesplaneresch Virgabe fräigemaach, déi d’Kaderbedingunge fir d’Entwécklung vum Land virginn. Parallel dozou goufen eng sëlleche Mesurëgeholl, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen a fir d’Leit beim Kaf vun engem Eegenheem oder beim Bezuele vum Loyer ze ënnerstëtzen.

D’Steierreform entlaascht net nëmmen déi kleng a mëttel Revenuen, mädéi vun der DPgefouert Regierung huet och geziilt d’Bauspuerer an d’Leit mat engem Immobiliëkredit iwwert d’Eropsetze vun Ofschreiwungsméiglechkeete fir d’Bauspueren an Immobiliëprêten ënnerstëtzt. Fir d’Locatairëgouf dat sougenannte Wunngeld („subvention loyer“) agefouert, dat ronn zwee Drëttel vun all de Locatairen eng finanziell Ënnerstëtzung offréiert. Aner Mesuren hunn als Zil fir méi Wunnraum ze schafen. Déi zäitlech begrenzten a reduzéiert „Quart-tauxBesteierung“ schaaft konkret Ureizer fir méi Wunnraum beim Verkaf vu Bauland oder vun Immobilien. Dëst gëllt och fir déi erofgesate Besteierung beim Verloune vun enger Wunneng un akkreditéiert Träger, ewéi der „Agence immobilière sociale“ (AIS). Zousätzlech gouf d’Effizienz vun den ëffentleche Bauträger däitlech erhéicht: bannent zwee Joer huet d’„SociétéNationale des Habitations àBon Marché“ (SNHBM) d’Zuel u gebaute Wunnenge verdräifacht. Ausserdeem goufen e sëlleche grouss Projeten an d’Weeër geleet, ënnert anerem op fréieren Industriefrichen.

Ënnert der Regie vun der DP, huet d’Regierung wärend de leschte fënnef Joer rigoros Efforte gemaach, fir d’Offer un disponiblem Wunnraum z’erhéijen. Aus dem Monitoring vum „pacte logement“ geet ervir, datt 2017 zu Lëtzebuerg ëm déi 6.000 Wunnunitéite gebaut gi sinn, am Verglach zu nëmmen 2.300 am Joer 2012. Mir wëllen un dëse Succès uknäppen an eis Haaptprioritéit an der Wunnengspolitik och an Zukunft op d’Stäerke vun der Wunnoffer leeën, fir esou den Drock um Maart an de Grëff ze kréien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp