2-nei-DP-Schäffen

Zwee nei DP-Schäffen

Josy Popov

De Josy Popov ass neie Schäffen an der Gemeng Koplescht-Briddel. Hien huet mat 15 Joer seng Léier als Bäcker-Pâtissier ugefaangen, 1997 huet hie säi Meeschter gemaach an hat vun 1980-2010 déi beschtbekannte Bäckerei-Pâtisserie Popov um Briddel. Haut huet de Josy Popov 66 Joer, hien hält Course fir de Bootsführerschäin an ass an der Kommissioun vum Commissariat aux affaires maritimes.

Josy Popov
Josy Popov

Josy Popov, firwat hutt Dir Iech politesch engagéiert a firwat bei der DP?

JP: D’Leit aus der Gemeng hu wärend 30 Joer zu mengem geschäftleche Succès bäigedroen. Als Politiker wëll ech dovunner profitéieren, fir mech fir d‘Bierger anzesetzen an hinnen esou eppes zeréckzeginn. D‘DP steet fir d‘Demokratie an dofir sinn ech an d’DP gaangen.

Dir waart laang am Gemengerot, wat sinn elo är Prioritéiten als Schäffe fir déi nächst 3 Joer?

JP: Zesumme mam Carlo Schmit – deen déi lescht 3 Joer Buergermeeschter war – hu mir grouss Projeten op d’Schinn gesat: Eng nei Maison relais, den Ausbau vum Schoulcampus, een neien Hall technique, d’Renovatioun vum Centre Wirtspesch, a.s.w. Projeten, déi ech wëll esou gutt ewéi méiglech weiderféieren.

Wat gefält Iech am beschten un Ärer Gemeng?

JP: Ech hunn déi grouss Chance an enger grénger Oase an der Peripherie vun der Stad Lëtzebuerg ze liewen.

Marc Schramer

De Marc Schramer ass neie Schäffen an der Gemeng Monnerech. De 46 Joer ale Familljepapp vun 2 Bouwe schafft am Escher Theater. A senger Fräizäit schafft hie gär am Gaart a geet wanderen.

Marc Schramer
Marc Schramer

Marc Schramer, firwat hutt Dir Iech politesch engagéiert a firwat bei der DP?

MS: D‘Politik war bei eis doheem ëmmer present an ech hunn Ongerechtegkeeten an Diskriminatiounen ni akzeptéiert. D’DP huet d’Grondwäerter ëmmer grouss geschriwwen; fir mech bedeit dat, jidderengem seng Iddien ze respektéieren.

Dir waart laang am Gemengerot, wat sinn elo är Prioritéiten als Schäffe fir déi nächst 3 Joer?

MS: Als DP-Fraktioun zu Monnerech hu mir eis staark gemaach, fir eng Maison relais nieft d’Schoul ze bauen. Mir wäerten e ganz flotte Campus kréien. Fir mech selwer ass et och ganz wichteg, dass eis Gemeng en Alters- a Fleegeheem fir eis eeler Matbierger kritt. E weidert Zil ass et, den Duerfkär vun eisen Uertschaften nees mat Liewen ze fëllen.

Wat gefält Iech am beschten un Ärer Gemeng?

MS: Eis Gemeng huet nach e ländleche Charakter, an trotzdeem hu mir ganz gutt Ubannunge mat Esch an och mat der Stad.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement besser geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...