Exzessiv Vitess op der N7 tëscht Dikrech an Housen

D’Nationale 7 ass bekannt dofir datt deelweis immens séier gefuer gëtt. Elo rezent koum et méi dacks vir, datt tëscht dem Rond-Point Fridhaff an dem Rond-Point Housen immens gerannt gëtt. Dëst ass besonnesch bei Camionnetten opgefall déi owes a Richtung Belsch Grenz ënnerwee sinn. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi vill Accidenter et an de leschte Joren op deem Deel vun der N7 gouf an ob eventuell méi Kontrollen an den Owesstonnen do kéinte gemaach ginn.

„Mir ass dëse Weekend vu besuergte Leit matgedeelt ginn, datt op der N7 tëscht dem Rond-Point Fridhaff an dem Rond-Point Housen ëmmer méi gerannt gëtt, sou datt et dacks zu ganz geféierleche Manöveren duerch eng vill ze héich Vitess kënnt – virun allem an den Owesstonnen, wa vill Camionnette Richtung belsch Grenz heem fueren. 

Fir sou risikoräich Beweegungen ze vermeiden, schéngen och déi fix Radaren näischt ze déngen, well jo bekannt ass, wou dës installéiert sinn.

An deem Kader géif ech dem Här Policeminister an dem Här Mobilitéitsminister gäre folgend Froe stellen: 

  • Ass den Här Minister bereet fir d’Kontrollen op dësem Deel vun der N7 zu de bekannte Stonnen ze verstäerken?
  • Wéi vill Accidenter goufen zanter Mäerz 2016 op der N7 tëscht Dikrech an der Schmëdd gezielt? Wat waren dat fir Accidenter?
  • Ass den Här Minister gewëllt, fir d’Automobilisten op dëser Strooss duerch geziilt Aktiounen oder spezifesch Panneauen ze sensibiliséieren, se sou op Geforen opmierksam ze maachen a se dozou ze féieren, déi virgeschriwwe Maximalvitess ze respektéieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...