Eng eege Bank fir d’NATO?

En amerikaneschen ‚Think tank‘ huet proposéiert fir eng Bank speziell fir d’NATO ze kreéieren an domat an d’Finanzéierung vun den europäesche Memberstaaten hiren Verteidegungsmëttel ze assuréieren. Wéi géing dëse System funktionéieren a wien géing dovunner profitéieren? Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Minister nogefrot.

« Aux États-Unis, un ‘think tank’ proche des démocrates a recommandé que l’OTAN se dote d’une banque afin de financer les armées européennes. Il a été conseillé au Président démocrate Joe Biden, d’œuvrer à une augmentation des investissements dans les capacités militaires de l’OTAN. À ces fins, l’institution devra donc créer sa propre institution financière.

En 2014, les pays membres s’étaient engagés d’augmenter leur apport vers l’OTAN jusqu’à un seuil minimum de 2% de leur PIB, ceci par l’augmentation de leurs dépenses de défense. Pendant les dernières années, notamment sous la présidence de Donald Trump, des voix se sont élevées, demandant aux membres européens de financer davantage leur propre défense. Le secrétaire général de l’OTAN, Jens Stoltenberg, s’est exprimé dans une entrevue avec le magazine ‘Internationale Politik’, en disant que les membres européens de l’OTAN doivent continuer d’investir dans leur sécurité collective et augmenter leurs dépenses à ces fins.

Outre la proposition du ‘think tank’ américain, la Chambre des Représentants américaine a voté en 2019 le ‘NATO Support Act’ avec une majorité abondante représentant les deux partis et affirmant le support des autorités américaines pour l’institution transatlantique.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes et à Monsieur le Ministre de la Défense :

  • Est-ce que le Luxembourg est favorable à un projet de banque pour l’OTAN ?
  • Est-ce qu’au niveau du budget, l’instauration d’une telle banque engendrait une augmentation des dépenses de la défense pour le Luxembourg ?
  • Quelle serait la répartition des fonds perçus de cette banque ? Est-ce que les pays dans une situation financière désavantageuse seraient favorisés dans la distribution des fonds ?
  • Est-ce que les États-Unis contribueraient également aux versements collectifs ? »

Äntwert

D’Iddi vun enger eegener NATO Bank gëtt an der NATO net diskutéiert, net an de Kommiteeen zu Bréissel an och net um Niveau vun de Baussen- a Verdeedegungsministeren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...