Wat ass den Impakt vum Militärputsch am Myanmar op d’Lëtzebuerger Kooperatioun?

Nodeems d’Partei vun der Friddensnobelpräisdréierin Aung San Suu Kyi d’Wale mat groussem Ofstand gewonnen haten, huet d’Arméi am Myanmar Ufanks Februar duerch e Militärputsch d’Kontroll iwwer d’Land iwwerholl. D’Cheffin vun der burmesescher Zivilregierung a Memberen aus hirer Partei goufe festgeholl an ënnert Hausarrest gesat. Wéi ass d’Positioun vu Lëtzebuerg vis-à-vis vun dësen Evenementer ? Wéi geet et lëtzebuerger Hëllefsagenten op der Plaz ? Wäerten des Developpementer sech op d’lëtzebuerger Kooperatioun am Myanmar auswierken. Den Deputéierte Gusty Graas huet op den zoustännege Ministèren nogefrot.

« Ce lundi 1er février 2021, l’armée du Myanmar a mené un coup d’État et a mis aux arrêts la chef de-facto du gouvernement civil, la lauréate du prix Nobel Aung San Suu Kyi, ainsi que des membres de son parti National League for Democracy (NLD).

Le général Min Aung Hlaing, nommé président par intérim, a déclaré l’état d’urgence pour un an en raison d’allégations, selon lesquelles la victoire écrasante de la NLD aux élections législatives de novembre était illégitime.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes et à Monsieur le Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire :

  • Quelle est la position du Gouvernement luxembourgeois face à cette évolution ?
  • Quelle est la situation sur les lieux au présent ?
  • Des coopérants luxembourgeois de l’agence LuxDev sont en mission au Myanmar. Est-ce que des mesures de sécurité sont pris pour ces agents ?
  • Quelles seront les conséquences du coup d’État sur l’aide et la coopération du Luxembourg au Myanmar ? »

Äntwert

D’Regierung huet d’Evenementer am Myanmar op dat héchste verurteelt a gefuerdert d’Madamm Suu Kyi sou wéi och déi aner Gefaangen direkt ze befreien. Den Ament wier d’Situatioun roueg, mee d’Leit wiere frustréiert. Den Agente vu Lux-Development geet et all gutt a si sinn a Sécherheet. Esou kuerz no den Evenementer ass et schwéier ze soe wat d’Auswierkunge wäerte sinn, mee déi Projeten déi den Ament lafen déngen dem Vollek a si net duerch de Coup affektéiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...