Muss ee sech ofmellen, wann een eng Invitatioun fir d’Covid-19-Impfung refuséiert?

De Gesondheetsministère verschéckt Invitatiounen fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. Mee muss ee sech ofmellen, wann een d'Impfung refuséiert? D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei Gilles Baum an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot.

« Depuis le 1er janvier 2021, le ministère de la Santé a envoyé 5.226 invitations à la vaccination contre le Covid-19 aux groupes prioritaires. Jusqu’au 20 janvier, 1.637 personnes ont répondu à l’invitation et ont été vaccinées. 

Donc, un grand nombre des personnes contactées n’ont pas pris de rendez-vous pour la vaccination, ce qui signifie que le vaccin est disponible pour d’autres personnes. 

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé:

  • Les personnes qui demandent la vaccination doivent-elles se désinscrire si elles ne veulent pas se faire vacciner ?  
  • Dans l’affirmative, quel est le délai fixé pour se désinscrire ? 
  • Combien de refus sont attendus en pratique jusqu’à ce que le prochain groupe de personnes puisse être immédiatement traité, afin de perdre le moins de temps possible et de vacciner le plus de personnes possible ? »

Äntwert

D’Leit kréien per Post eng Invitatioun fir sech impfen ze loossen. Et ass hire Choix, ob se dat maachen oder net. Si sinn net d’office ugemellt, dowéinst brauch och kee sech ofzemellen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...