Keng Autorisatioun fir eng Skulptur zu Iechternach?

Zu Iechternach soll um Péngschtdënschdeg zu Éiere vun der Sprangpressessioun eng Skulptur aus Bronze ageweit ginn. Well de Site vis-à-vis vun der Basilika mat zum Monument national gehéiert a geschützt ass, muss den zoustännege Ministère seng Autorisatioun fir dës Skulptur ginn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler eng dringend parlamentaresch Ufro gestalt.

« Le collège échevinal de la Ville d’Echternach s’apprête à inaugurer le mardi de Pentecôte sur le terrain dit « Vulpert » (Porte Saint Willibrord), en face de la Basilique, classée monument national suivant arrêté du Conseil de Gouvernement du 10 novembre 1989,  une sculpture en bronze conçue en l’hommage de la Procession dansante d’Echternach, patrimoine culturel immatériel de l’Unesco. Le terrain à proprement parler est inscrit à l’inventaire supplémentaire des monuments classés, par arrêté du 9 août 2004.

En principe, le ministre ayant dans ses attributions la culture doit être mis au courant de toute intervention sur un espace classé monument national. Dans une brochure éditée récemment par la Ville d’Echternach sous le titre « Stadtbild Echternach » pour sensibiliser les habitants de la ville afin qu’ils respectent davantage le patrimoine culturel, il est par ailleurs précisé: « Für unter Denkmalschutz stehende Gebäude und Elemente gelten darüber hinaus noch weitere Regelungen. So darf an diesen Gebäuden kein Abriss, kein Umbau und keine Modifikation oder Vergrößerung durchgeführt werden, die der historischen, künstlerischen oder ästhetischen Wertschätzung schaden könnte oder ihren Umriss oder andere architektonische Aspekte verändert ».

Sous ces prémisses, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Culture :

  1. La sculpture en bronze a-t-elle fait l’objet d’une autorisation de la part de Madame la Ministre ? Dans la négative, les services concernés du ministère avaient-ils pourtant été mis au courant au préalable ?
  2. L’abbaye d’Echternach constituant un patrimoine d’une valeur exceptionnelle remontant à l’origine de la ville abbatiale, voire du pays, l’installation d’une telle sculpture en face de la basilique est-elle conforme à la législation et aux dispositions actuellement en vigueur en matière de protection du patrimoine culturel ?»

Äntwert

Den nämmlechten Dag wéi eis dringend parlamentaresch Fro krut de Kulturministère och eng Demande fir dës Skulptur ze autoriséieren. Dëst nodeems eng Rei Bierger sech bei de Gemengeresponsabelen a beim Service des sites et monuments beschwéiert haten. Den Informatioune vun der Kulturministesch no, wier d’Gemeng Iechternach driwwer informéiert ginn, datt d’Aarbechte misste gestoppt ginn, bis déi néideg Autorisatioun vum Ministère ausgestallt wier.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...