Koum et viru kuerzem zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler?

Den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass et rezent zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler komm wier. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob si weider Informatiounen zu dësem Virfall hätt.

« Il nous revient qu’une pollution de l’Our supérieure a récemment été détectée près de Lieler, au niveau de la zone frontalière avec l’Allemagne et la Belgique.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

  • Madame la Ministre est-elle au courant de cette pollution de l’Our ?
  • Est-ce que la nature et la source de la pollution ont déjà pu être déterminées ?
  • Quel est l’impact de cette pollution sur la faune aquatique ?
  • Combien d’autres pollutions de ce cours d’eau ont été constatées par l’Administration de la gestion de l’eau à cet endroit au cours des dernières années ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...