Problemer beim Mobibus

Vu dass et anscheinend Problemer beim Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung, gëtt, huet den DP-Deputéierte Max Hahn nogefrot, wéi de Minister d'Situatioun verbessere wëll.

„Et ass mer zu Ouere komm, dass et aktuell eng ganz Partie Problemer beim Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung, gëtt, déi haaptsächlech mat der Aféierung vun engem neien informatesche System zesummenhängen. Sou géif et reegelméisseg zu Komplikatiounen an däitleche Verspéidunge kommen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?
  • Wat sinn déi genee Grënn heifir?
  • Wéi wëll den Här Minister d’Situatioun esou séier wéi méiglech verbesseren?“

Äntwert

Den éierewäerten Deputéierten huet Froen zur Aféierung vun engem neien informatesche System fir Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung; an ob et an deem Kader zu Komplikatiounen an Verspéidungen komm wier, well him dëst zu Ouere komm wier.

 – Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?

Jo et ass richteg, dass et bei der Schoulrentrée zu Komplikatiounen an Verspéidunge koum beim Mobibus.

– Wat sinn déi genee Grënn heifir?

Den neien informatesche System, deen den éierewäerten Deputéierten mat Recht ernimmt, gouf eigentlech schonn am August 2022 agefouert. Fir awer net all d‘Transporter mateneen op dësen neie Programm ze migréieren, goufen et verschiddene Phasen, d.h. déi Strukturen déi desservéiert ginn koumen no an no un d’Rei (z.B. divers Fondatiounen, d’Sitte vun der APEMH, Ligue HMC, FAL, etc). Des Phase sinn allgemeng ouni gréisser Schwieregkeeten verlaf.

Fir Rentrée, an als Ofschloss vun dëser Migratioun, goufen elo d’Transporter fir d‘Kompetenzzentre mam neie System geplangt.

Et ginn e puer Grënn fir déi Komplikatiounen, déi mat der Rentrée opgetruede sinn; an der Haaptsaach sinn et:

  • d’Quantitéit vun den ugefroten Coordonnéeë vun de Schüler déi dëst Schouljoer an de jeweilege Kompetenzzentre sinn,
  • ee groussen leschten Import vun den Donneeën am August, inklusiv den assignéierte Linnen an dem provisoresche Planning vun de betraffene Schüler fir d‘Rentrée, deen net ganz ouni Feeler verlaf war. Dësen, deels feelerhaften Import ass awer leider gréisstendeels eréischt bei der Schoulrentrée opgefall wéi den Transport an der Praxis ugaangen ass,
  • eng Vitesskalkulatioun, souwéi Funktionalitéiten déi ganz spezifesch op de lëtzebuerger Modell hu mussen entwéckelt ginn, déi vum Fournisseur vun der informatescher Plattform ënnerschätzt goufen.

 – Wéi wëll den Här Minister d’Situatioun esou séier wéi méiglech verbesseren?

D‘Verwaltung fir ëffentlechen Transport (ATP) a besonnesch d‘Ekipp fir PMR-Transporter huet direkt reagéiert. Eng grouss Mass un Donnéeën huet musse verbessert ginn, wat awer wéinst der Quantitéit net bei all Schüler vun haut op muer konnt gräifen.

D‘Verbesserungen konnten natierlech just mat intenviser Mathëllef vun de Kompetenzzentre gemaach ginn.

Et gouf och Ënnerstëtzung vum Service de la scolarisation des élèves à besoins spécifiques aus dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi sech ugebueden hunn fir d’Problemer vun de Kompetenzzentren ze zentraliséieren an am Échange mat der ATP ze léisen.

D’Leit aus der Ekipp konnte sech andeelen an hunn déi spezifesch Korrektiounen gemaach. Verschidde Mataarbechter aus ATP sinn an déi am meeschte betraffen Zentre gaangen, fir esou op der Plaz mat hinnen zesummen d’Problemer ze léisen.

Fir de Verspéidungen entgéint ze wierken, sinn z.B. Kanner op aner Linnen zougeuerdent ginn, nei Linne si kreéiert ginn, d’Auerzäite goufen ugepasst.

All dëst huet dozou bäigedroen, dass d‘Lag sech nees wäitestgehend entspaant huet, sou dass ee soe kann, dass den Transport zwou Wochen no der Schoulrentrée am grousse Ganze méi stabel leeft. Heimat och e grousse Merci un d’Zentren vir hir Mathëllef wéi och d’Eltere fir hir Gedold.

Nieft der Problematik um Niveau vun der informatescher Plattform, muss een awer leider och erwänen, dass de Verkéier am Land nees staark zougeholl huet. Och heirop wäert nach opgepasst ginn ob verschidde Linne mussen ugepasst ginn.

D’ATP ass mam Fournisseur vun der informatescher Plattform selbstverständlech amgaangen déi weiderhinn néideg Entwécklungen weiderzedreiwen; Ufank Oktober kennt schonn en neie release vum Programm.

De Moment kennen mat dem neie System endlech d‘ATP, de Busbetrib an d’Zentren kucken wou de Bus an di jeeweileg Kanner dru sinn. An den nächste Wochen, wann di néideg Upassungen vum Programm bis ofgeschloss sinn, soll dann och d’Applikatioun fir d’Eltere kommen, fir dass och si kënne kucken wou de Bus mat hirem Kand drun ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...