Tierfutter in der Landwirtschaft

Was sagen die Prognosen für diesen Winter über die Tierfutterbestände aus und wie stark werden sich die Versorgungsengpässe auf die Situation auswirken? Diese und weitere Fragen stellte der DP-Abgeordnete André Bauler dem Landwirtschaftsminister.

„De Moment loossen nach vill Baueren d’Béischten op der Weed, well d’Fuddersituatioun op de Wisen sech zanter dem verreente September spierbar verbessert huet. Déi aktuell, bal summerlech Temperature loossen d’Gras nach effektiv e bësse wuessen. An dach riskéiert et de Wanter iwwer méi enk mam Fudder ze ginn, engersäits wéinst der laanger Dréchent an anerersäits wéinst méigleche Liwwerengpäss.

Dofir wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Verfüügt den Här Minister iwwer ee gewëssenen Iwwerbléck betreffend d’Fuddersituatioun an eise Betriber? Wat sinn d’Réckmeldungen aus dem Secteur? 
  • Bei wat fir enge Fuddermëttel ass am Wanter an och soss mat Liwwerengpäss ze rechnen?
  • Kann den Här Minister mer d’Entwécklung vun de Präisser an dësem Beräich zanter Juli 2022 opweisen?

Antwort

Verfüügt den Här Minister iwwer ee gewëssen Iwwerbléck betreffend d’Fuddersituatioun an eise Betriber? Wat sinn d’Réckmeldungen aus dem Secteur?

D’Situatioun mam Grondfudder ass net op all Betrib déi selwecht. Dëst ass bedéngt duerch regional ënnerschiddlech Recolten am Gréngland, mee och am Mais. Ufank September ass am Landesduerchschnëtt eng Perte un Trockenmassertrag vun 30% am Gréngland ugeholl ginn. Mat regional groussen Differenzen, sou dass et regional och 50% Perten an méi konnte sinn. Betraffe Betriber hu well zum Deel reagéiert an och schonns Grondfudder a Form vun Hee oder Mais bäikaaft.

Ufank September huet de Reen gehollef, dat sech d’Gréngland erëm séier erholl huet, soudass Ufank Oktober an Enn Oktober bal am ganze Land nach ee Schnatt op de Grénglandparzelle gemaach konnt ginn. Doduerch huet sech d‘Situatioun beim Grondfuddermëttel Gras zimmlech entspaant.

Aktuell ass et och nach ëmmer méiglech, den Opwuess vum Gréngland iwwert Weedvéi ze notzen, sou dass Wanterreserven agespuert kënne ginn.

     Bei der Recolte vum Mais hunn virun allem den Osten an de Süde vum Land méi Perten ze verzeechnen. D’Recolte huet extrem fréi ugefaangen, an déi recoltéiert Wuer war zimmlech dréchen, well vill Bestänn verdréchent waren. D‘Stärkegehalter sinn niddreg, an déi recoltéiert Wuer huet sech schlecht am Silo verdichte gelooss, sou dass eng gutt Gärung net garantéiert konnt ginn. Well vill Betriber gutt Parzellen an och méi schlechter mat Mais haten, ass et immens schwéier ze soen, wéi vill Betriber genau betraff sinn.

●  Bei wat fir enge Fuddermëttel ass am Wanter an och soss mat Liwwerenkpäss ze rechnen?

     Bei de Fuddermëttel, déi vun de Betriber zoukaf ginn, ass am Moment net direkt mat kritesche Liwwerenkpäss ze rechnen. Beim Sojaextraktiounsschrot ass et am Moment heiansdo e bësse méi schwiereg. D‘Disponibilitéit ass am allgemenge ginn, méi kriddeleg ass et mat dem Transport, well et Enkpäss an den Transportkapazitéite gëtt, an doduerch den Organisatiounsobwand méi grouss ass.

●  Kann den Här Minister mer d’Entwécklung vun de Präisser an dësem Beräich zanter Juli 2022 opweisen?

     D’Präisentwécklung zanter dem Mount Juli ass méi roueg verlaf wéi dat an de Méint Februar bis Juli de Fall war. D’Grafik hei hannendrun stellt déi tatsächlech Entwécklung vum Präisindex vun de Fuddermëttel fir Déiere vum Januar 2022 bis Enn September duer a gëtt och en Ausbléck op de Mount Oktober (gepunktelt Linnen). De ponderéierten Index fir d’Fuddermëttel fir Déiere läit Enn September 1,3% méi héich wéi am Juli an 18,7% méi héich wéi am Januar 2022. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng vergläichbar Zuelen iwwer Präisser fir Grassilage, Hee oder aner Grondfuddermëttel, an deemno sinn dës och net am Index agerechent.

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Wie viele Patienten leiden an Schilddrüsenkrebs?

Immer mehr junge Menschen erkranken offenbar an Schilddrüsenkrebs. Die DP-Abgeordneten André Bauler und Carole Hartmann haben bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, wie sich die Zahlen in den letzten 10 Jahren entwickelt haben und welche Unterschiede es je nach Alter und Geschlecht gibt.

weiterlesen...

Müssten die Notaufnahmen für Kinder im Norden ausgebaut werden?

Auch Kinder mit leichten Verletzungen werden oft aus dem Norden in die Kinderklinik der Hauptstadt geschickt. Die DP-Abgeordneten Corinne Cahen und Carole Hartmann wollten von der Gesundheitsministerin wissen, warum die pädiatrischen Notaufnahmen des CHdN nicht 24 Stunden am Tag und 7 Tage die Woche gewährleistet werden können und wie viele Kinder aus dem Norden in die Kinderklinik geschickt werden.

weiterlesen...

Wie kann die Gesundheit von Kindern verbessert werden?

Die Gesundheitsprobleme von Kindern nehmen zu und der Zugang zu Kinderärzten wird immer schwieriger. Die DP-Abgeordneten Mandy Minella und Carole Hartmann haben bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, welche Maßnahmen zur Verbesserung der Situation geplant sind, ob eine nationale Strategie für Kindergesundheit vorgesehen ist und ob ein nationaler Koordinator für Kindergesundheit eingesetzt werden sollte.

weiterlesen...

Zerkleinerung von Material in der Grünzone

Die DP-Abgeordneten Luc Emering und André Bauler haben dem Umweltminister mehrere Fragen zur Materialzerkleinerung in der Grünzone gestellt. Sie wollten unter anderem wissen, ob dafür eine Naturschutzgenehmigung notwendig ist und warum nicht in jeder Genehmigung für Gebäude in der Grünzone erwähnt wird, dass mit Recyclingmaterial gearbeitet werden soll.

weiterlesen...