Vitessreduktioun op der Contournementsbréck vun der B7

Wat ass déi genee Ursaach vun der Vitessreduktioun op der Contournementsbréck vun der B7 ? Dës an nach aner Froen huet den DP Deputéierten André Bauler un de Mobilitéitsminister gestallt.

„Op der Contournementsbréck vun der B7 tëscht Schieren an Angelduerf ass d’Vitess erofgesat ginn vun 90 Km/St. op 50 Km/St. Et schéngt, wéi wann et Problemer op der Bréck géife ginn. Bis kuerz virun de Radar Richtung Stad ass d’Vitess vun 90/St. op 70 erofgesat ginn. Och déi aner Richtung däerf nach just 70 Km/St. gefuer ginn.

Dofir wollt ech dem Här Mobilitéitsminister folgend Froe stellen:

  • Wat ass déi genee Ursaach vun dëser Vitessreduktioun?
  • Wat fir Aarbechte sinn de Moment geplangt?
  • Wou ass de Projet vun der Erweiderung vun der B7 drun?

Äntwert

Wat ass déi genee Ursaach vun dëser Vitessreduktioun?

Wärend enger routineméisseger Bréckeninspektioun vun der zoustänneger Divisioun bei der Stroossebauverwaltung den 11. Oktober 2022 ass festgestallt ginn, datt sech verschidden Elementer vum Réckhalsystem (Gelänner) an engem staark degradéierten Zoustand befannen. Well dëst ee Sécherheetsrisiko bei héije Geschwindegkeeten duerstellt, ass kuerzfristeg déi maximal erlaabte Geschwindegkeet ob der betraffener Plaz, dem Viaduc Ditgesbaach, op 50 km/h a béide Richtunge reduzéiert ginn.

Vir d‘Geschwindegkeet hannert dem Viaduc Ditgesbaach an Richtung Lëtzebuerg ze harmoniséieren, an ze verhënneren datt d’Geschwindegkeet tëschent dem Viaduc an dem Radar ob kuerzer Distanz vu 50 km/h ob 90 km/h an dann op 70 km/h ännert, ass ob dësem kuerzen Zwëschenstéck vu ronn 500 Meter, d’Geschwindegkeet vun 90 km/h op 70 km/h reduzéiert ginn.

Dat selwecht gëllt an der Approche vun dem Viaduc Ditgesbaach a Richtung Fridhaff. Hei gëllt hannert dem Radar, wou normalerweis 90 km/h erlaabt sinn, temporär ob ronn 500 Meter, just nach 70 km/h.

Wat fir Aarbechte sinn de Moment geplangt?

D‘Aarbechte vir d‘Ersetze vun den Elementer hunn an den Nuechten no der Inspektioun ugefaangen. Aus Materialmangel konnten dës awer zu dem Moment net direkt fäerdeg gestallt ginn. Dowéinst hunn an der 46. Kalennerwoch weider Nuetsaarbechte stattfonnt.

Dës Aarbechte konnten dunn an der nämmlechter Woch ofgeschloss ginn, sou datt déi temporär Vitesslimitatiounen um Viaduc Ditgesbaach, wéi och op dem Segment tëschent dem Viaduc an dem Radar, nees opgehuewe ginn.

Wou ass de Projet vun der Erweiderung vun der B7 drun?

Am Moment gëtt den Ausschreiwungsdossier virbereet. Allerdéngs sinn nach verschidden Emprise net gekläert an den Dossier fir d‘Ëmweltgeneemegung muss nach ugepasst ginn. Dëst huet zur Folleg, datt een elo nach keen Datum fir den Ufank vun den Aarbechte kann uginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...