Wou ass den Dossier vum neien IRM fir de Standuert Wolz drun?

Mëtt Mee dëst Joer war bekannt ginn, datt de Standuert Woltz vum Centre hospitalier du Nord een IRM soll kréien. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann, wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wou dësen Dossier drun ass a wéi vill Patienten am Dag mat dësem IRM ënnersicht kéinte ginn.

Fro

„Mëtt Mee dëst Joer war bekannt ginn, datt de Standuert Woltz vum Centre hospitalier du Nord een IRM (Imagerie par résonance magnétique) soll kréien. Eng Demande wier an deem Sënn vum Nordspidol agereecht ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch an dem Här Minister fir sozial Sécherheet folgend Froe stellen:

1. Wou ass den Dossier vun engem IRM, deen an der Weelzer Klinik installéiert soll ginn, aktuell drun? Gouf den Dossier mëttlerweil formell vum Centre hospitalier du Nord agereecht?

2. Wéi vill Patiente kéinten zu Woltz am Duerchschnëtt dagdeeglech mat dësem IRM ënnersicht ginn? 

3. Wéi héich gëtt de Käschtepunkt vu sou engem IRM ageschat?“

Äntwert

1. Wou ass den Dossier vun engem IRM, deen an der Weelzer Klinik installéiert soll ginn, aktuell drun? Gouf den Dossier mëttlerweil formell vum Centre hospitalier du Nord agereecht?

Den Gesondheetsministère an den Ministère fir sozial Sécherheet hunn allebéid hiren Accord de Prinzip fir en Projet vun engem IRM um Site vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu Woltz ginn.

Aktuell schafft den CHdN een Dossier aus fir den Gesondheetsministère mat enger Demande d’autorisation et de subventionnement ze befaassen. Varianten vun Installatioun am Spidol St.Joseph respektiv an enger Annexe am Kader vum Projet Schlasskéier ginn évaluéiert.

2. Wéi vill Patiente kéinten zu Woltz am Duerchschnëtt dagdeeglech mat dësem IRM ënnersicht ginn?

Am Joer 2019, goufen et am CHdN ronn 6.500 IRM Passagen, am Duerchschnëtt 24,2 IRM Passagë pro Schaffdag a pro Apparat (par rapport zu insgesamt ronn 57.000 IRM Passagen am ganze Land mat engem Duerchschnëtt vu 27,6 IRM Passagë pro Schaffdag a pro Apparat).

Am Joer 2021, goufen et am CHdN ronn 12.100 IRM Passagen, am Duerchschnëtt 23,0 IRM Passagë pro Schaffdag a pro Apparat (par rapport zu insgesamt ronn 79.000 IRM Passagen am ganze Land mat engem Duerchschnëtt vu 27,2 IRM Passagë pro Dag a pro Apparat).

Et ass ze bemierken dass d’Unzuel vun Apparater sech am CHdN, ewéi och an den anere Spideeler, verännert huet an domat am CHdN d’IRM Passagen sech bal verduebelt hunn tëschent 2019 an 2021 bedéngt eben duerch elo zwee IRM Apparater. Zousätzlech huet säit Enn Oktober den CHdN seng Plagen fir Rendez-vous’en fir en IRM ze huelen optimiséiert, sou dat elo bis zu 60-65 IRM’en den Dag kënnen duerchgefouert ginn.

Generell muss een och de nationalen Duerchschnëtt nuancéieren, well d’Unzuel vun de Passagen och vun de verschiddenen Type vun IRM Examen ofhänkt, well dës méi oder manner Zäit an Usproch kënnen huelen. Éischten Schätzungen no géif en neien IRM zu Woltz et awer erlaben (mat Öffnungszäiten vun 7.00 – 17.00 Auer) 25 zousätzlech IRM’en den Dag duerchzeféieren ab deem Moment wou den zousätzlechen IRM-Apparat bis voll operationell wär.

3. Wéi héich gëtt de Käschtepunkt vu sou engem IRM ageschat?

Een IRM Apparat kascht nei ongeféier EUR 900.000.- woubäi déi Käschten souwuel vun der technescher Ausstattung mat Zousatzéquipementer wéi och vun der Négociatioun ofhänken.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...