Wéi eng Suitte kritt d’Verknaschtung vun der Drosbech bei Leideleng?

Nodeems d'Drosbech an der Industriezon zu Leideleng an der Lescht e puer Mol verknascht gi war, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat déi genee Ursaachen dovu sinn a wéi eng Suitten dës Verknaschtunge wäerte kréien.

« Selon un article dans la presse écrite, plusieurs nouvelles pollutions du Drosbach ont été détectées récemment, cette fois-ci dans la zone industrielle « Am Bann » à Leudelange. En effet, une station de lavage aurait déversé ses eaux usées dans le Drosbach de manière régulière, sans que personne n’aurait alerté l’Administration de la gestion de l’eau. De plus, un produit chimique en provenance d’une autre entreprise se serait écoulé dans le Drosbach.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

  • Madame la Ministre peut-elle informer sur la nature et l’origine de ces deux pollutions ?
  • Quelles sont les répercussions sur la faune et flore aquatique du Drosbach de ces deux pollutions ?
  • Quelles conséquences juridiques auront ces deux incidents ?
  • De quelle manière Madame la Ministre entend-elle sensibiliser voire encourager davantage la population à contacter l’AGE en cas d’une pollution d’un cours d’eau ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...