Wéini sollen d’Aarbechten un der N7 ufänken?

D'Chamber huet virun engem Joer dofir gestëmmt, d'N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech ze reamenagéieren. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini d'Aarbechte sollen ufänken.

„Virun iwwer engem Joer huet d’Chamber de Projet vum Reamenagement vun der N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech mat ganz breeder Majoritéit gestëmmt.

Ufank Juli koum et dann och zum Spuedestéch vum Contournement vun Housen, wouriwwer ganz vill Leit sech gefreet hunn. Dës Leit froen sech awer och wéini et zum Startschoss vun deene aneren Aarbechte kënnt.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Wéi gesinn déi ënnerschiddlech Etappe vun der Moderniséierung vun der N7 aus?
  • Wéini a wou sollen déi verschidden Aarbechten ufänken?
  • Wéi gesäit déi zäitlech Schinn aus? Gëtt et do schonn en Iwwerbléck? Wou sinn d’Ausschreiwunge momentan drun?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...