Eng Vereinfachung vun der Agreatioun vun importéierte Gefierer?

Der DP-Deputéiert Barbara Agostino ass zu Ouere komm, dass et a ville Fäll zu Schwieregkeete kënnt, wann een en importéiert Gefier zu Lëtzebuerg wëll umellen. Dowéinst wollt si wëssen, op wéi eng Manéier d'Prozedur vereinfacht kéint ginn.

« Il me revient que dans bon nombre de cas, l’agréation d’un véhicule routier qui a été acquis dans un autre État membre de l’Union européenne, conçu pour le marché européen et importé au Grand-Duché, se heurterait à de multiples entraves, voire l’agréation ne serait pas possible du tout.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • Ventilés par catégorie, combien de véhicules routiers, importés au Luxembourg depuis un autre État membre de l’Union européenne, ont été agréés pendant les cinq dernières années ?
  • Combien de demandes d’agréation ont été refusées ?
  • Est-il prévu de faciliter l’agréation de tels véhicules, en l’occurrence par l’introduction d’une reconnaissance automatique de véhicules agréés dans d’autres pays de l’UE ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...