Mobil Radaren zu Maarnech

Duerch de Wiessel an der erlaabter Vitesse goufe wuel méi Leit rezent bei Maarnech geblëtzt. Wéi gesäit d'Situatioun allgemeng aus bei de Virfäll an dësem Eck vum Land. Onsen Deputéierten André Bauler huet sech renseignéiert.

„De 15. Februar stoung moies op der N7 zu Maarnech an der Gemeng Clierf e mobile Radar, deen zeg Automobiliste geblëtzt huet. Effektiv muss een op dëser Plaz mëttlerweil 50 Km/St. fueren amplaz 70 Km/St. wéi dat soss de Fall war.

An deem Kader wollt ech dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Automobiliste goufen de 15. Februar zu Maarnech geblëtzt ? Gouf et rezent och zousätzlech Kontrollen an der Houschter-Déckt, wou neierdéngs och Tempo 50 gëllt?
  • Wéi laang stinn déi mobil Radaren duerchschnëttlech op enger bestëmmter Plaz fir Kontrollen duerchzeféieren?
  • Wéi vill mobil Radarkontrolle sinn zanter dem 15. September 2023 am Bezierk Norden duerchgefouert ginn? Wéi vill sinn der an där Zäit landeswäit duerchgefouert ginn?
  • Wéi vill Recetten hunn déi mobil Kontrollen iwwer dësen Zäitraum landeswäit erabruecht?
  • Wat waren d’Recetten um 15. Februar 2024, déi bei der Kontroll zu Maarnech enregistréiert goufen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...