Ännerung vum Code de la route: Manner Visibilitéit fir Vëlosfuerer

Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d’DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d’Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.

« Den Här Minister huet rezent eng Rei Ännerungen um Code de la route presentéiert, dorënner déi, dass an Zukunft Luuchten um Vëlo, déi blénken, net méi erlaabt wäerte sinn. Fir vill Vëlosfuerer bitt sou eng Luucht awer eng wichteg zousätzlech Sécherheet, well doduerch hir Visibilitéit am Stroosseverkéier däitlech eropgeet, zemol bei schlechte Luucht- a Wiederverhältnisser.

Aus deem Grond wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

– Wat sinn d’Argumenter hannert dëser Decisioun ?

– Op wéi engen Etüde respektiv empireschen Donneeë baséiert sech den Här Minister bei senger Decisioun ?

– Sinn d’Interesseverbänn vun de Vëlosfuerer bei dëser Decisioun gefrot ginn ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...