Besoine vun de Jonken an de Koalitiounsverhandlungen

D’DP ass de Vainqueur vun de Chamberwalen. Si huet landeswäit déi meeschte Stëmmen an déi meeschte Sëtz bäigewonnen. De Premier Xavier Bettel krut méi Stëmmen ewéi de Spëtzekandidat vun der CSV.

D’DP an d’CSV hu ganz séier mat den Negociatiounen ugefang. Am Schlass vu Senneng an an den Aarbechtsgruppe gëtt äerdeg geschafft. Dat ass gutt esou; eist Land ka sech keen ze laange Stëllstand erlaben.

Als President vun de Jonk Demokraten sinn ech immens frou doriwwer, datt eng ganz Partie jonk Kandidatinnen a Kandidaten de Sprong op de Krautmaart gepackt hunn, respektiv noréckelen dierften, wann déi aktuell Koalitiounsverhandlunge kënne mat Succès ofgeschloss ginn. 

Politik lieft vun der Alternance. De Wiessel suergt am Prinzip fir neie Wand a fir frësch Iddien. Dat gëllt zemol fir d’Noréckele vu jonken Deputéierten. Si mussen elo Courage an Initiativgeescht beweisen, fir och der Jugend hir Interessien duerchzesetzen.

Dozou gehéiert virop de Logement: Nach virun der Walcampagne hu mir mat de Jugendorganisatioune vun der CSV, de Gréngen a vun der LSAP dozou eng Rei Fuerderunge gestallt, fir et besonnesch jonke Leit méi einfach ze maachen, fir un eng Wunneng ze kommen.

Dofir fuerdere mir ënnert anerem Ënnerstëtzungen, fir Jonker kuezfristeg beim kaafen a loune vu Wunnengen ze hëllefen a virun allem strukturell Reformen, ewéi d’Erhéijung an d’Acceleratioun vun der geplangter Mobiliséierungssteier, unzegoen, fir datt onbebauten Terrain am Bauperimeter ka méi séier mobiliséiert ginn.

An eisem Walprogramm hu mir Jonk Demokraten weider Efforten a Punkto Ëmwelt, Energie a Klima gefuerdert. Esou soll zum Beispill den Ausbau vun der Wandenergie duerch méi séier Prozeduren och hei zu Lëtzebuerg acceleréiert ginn.

Um Aarbechtsmaart gëtt et aktuell e Mangel un Handwierkerinnen an Handwierker. E Grond dofir ass, dass ëmmer manner Jonker sech entscheede fir eng Handwierkersausbildung ze maachen.

D‘Jonk Demokraten fuerderen dofir, dass d’Leit an enger Handwierkerausbildung di selwecht Chancë fir Studiebäihëllefe  kréien ewéi déi op der Uni.  

D’Jonk Demokraten setzen sech och fir e Recht op Teletravail an, deen de Salariéen nëmme ka verweigert ginn, wann domadder schwéier Secherheetsrisiken, onléisbar Planungsproblemer oder finanzielle Schued verbonne sinn. Mir wëllen domat de Leit méi Flexibilitéit a manner Zäit am Auto erméiglechen.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

An der Politik ass dacks vun de kommende Generatioune rieds a vun eise Kanner a Kandskanner, fir deenen hir Zukunft d‘Politik muss Responsabilitéit iwwerhuelen. Dofir fuerderen d‘Jonk Demokraten, datt an de Koalitiounsverhandlungen eeben och d’Besoine vun de Jonken uerdentlech mat consideréiert ginn. Fir muer, ma och fir haut!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...