Captage a Stockage vun CO2-Emissiounen an der Industrie?

En neit EU-Reglement erlaabt et Memberstaaten "Carbon Capture, Usage and Storage" - Technologien zouzeloosse fir hir Klimaziler ze erreechen, virun allem bei industrielle Prozesser, wou Emissioune schwéier evitéiert kënne ginn. Konkret bedeit dat, dass Betriber hir Emissioune kënnen afänken an z.B. geologesch stockéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat d'Positioun vu Lëtzebuerg ass, wéi eng Memberstaaten dës Dispositioun wëllen uwenden a wat dat fir déi lëtzebuergesch Betriber kéint bedeiten.

« Le 21 avril dernier, le Parlement et le Conseil européen se sont mis d’accord sur un texte pour un règlement fixant le cadre pour atteindre la neutralité climatique au niveau de l’UE. Ce règlement, qui doit toutefois encore être validé formellement, permet aux États membres de recourir aux technologies de captage, d’usage et de stockage de dioxyde de carbone (« CCUS ») afin de contribuer à atteindre les objectifs climatiques et de réduire leurs émissions, notamment celles liées aux procédés industriels qui ne peuvent être évitées que difficilement.

A l’heure actuelle déjà, de nombreux projets sont en train d’être développés dans bon nombre d’États membres afin de proposer des solutions aux entreprises pour capter et stocker leurs émissions géologiquement.

Au vu de ce qui précède nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable et à Monsieur le Ministre de l’Économie :

– Quelle est la position du Luxembourg dans ce domaine ? De quelle manière est-il prévu d’appliquer le règlement susmentionné ?

– Combien d’États membres de l’UE vont autoriser le recours aux technologies CCUS dans le cadre du règlement précité ?

– Quelle est l’ordre de grandeur des émissions liées aux procédés industriels au Luxembourg ?

– Le gouvernement est-il d’avis que le fait de ne pas permettre aux entreprises luxembourgeoises de recourir aux technologies CCUS constitue un désavantage compétitif dans le cadre du marché unique ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...