Gilles Baum

Chancegläichheet an der Bildung garantéieren

Schoul nach méi gerecht ze maachen an esou all Kand eng fair Chance op Bildung ze garantéieren

„Minimal Chance fir de Virus, maximal Chance fir d’Bildung“:

Dat bleift och dëst Joer de Motto vun der Schoulrentrée. Eis Schüler sollen nämlech beschtméiglech op hir Zukunft virbereet, an an engems géint de Virus geschützt ginn – dat Lescht gëllt natierlech och fir d’Enseignanten.  

Mam Ofschafe vun der genereller Maskeflicht gouf an eise Schoulen e weidert Etappenzil erreecht. D’Zesummespill vum dem konsequenten Testen, der héijer Impfparticipatioun an all den Ustrengunge vu Schüler an Enseignanten huet dat méiglech gemaach. Et war ee kollektiven Effort.

Op senger traditioneller Pressekonferenz fir d’Rentrée huet de Minister Claude Meisch seng Prioritéite fir déi nächst Jore virgestallt.

Do ass fir d’éischt d’Diversifikatioun vun der Offer: An de leschte Joren ass eisen ëffentleche Schoulsystem scho vill un déi ënnerschiddlech Besoinen, Talenter, Ambitioune vun eise Kanner a Jugendlechen ugepasst ginn. Mir wäerten op deem Wee weiderfueren. Well déi beschte Schoul, ass eng Schoul, déi un déi verschidde Besoinen adaptéiert ass an dat ass fir Jidereen anescht.

Fir d’DP ass et ganz wichteg, datt d’Schüler déi néideg Ënnerstëtzung kréien, fir punktuell Léierretarden opzehuelen. 

D’Summer-School war an deem Sënn e vollen a grousse Succès. Iwwer 7.000 Schüler hunn d’Offer ugeholl, fir schoulesch Inhalter ze widderhuelen a sech gutt op d’Schoulrentrée virzebereeden. D’Summer-School soll dofir och no der Pandemie e feste Bestanddeel an der Educatioun bleiwen.

Och dat neit, landeswäit Konzept fir eng gratis Hausaufgabenhëllef wäert nach eng Kéier fir méi fair Bildungschance suergen.

De Ressortminister Claude Meisch huet och ugekënnegt, datt d’Schoulflicht an Zukunft soll bis 18 Joer gëllen. Mir wëllen esou dofir suergen, datt déi Jonk net fréizäiteg d’Bengele bei d’Tromm geheien an der Schoul fir ëmmer de Réck dréinen.

Mat innovative pedagogesche Konzepter an enger ganz praxisnoer Unterrechtsgestaltung sollen déi Jonk un der Staang gehale ginn a genuch Zäit kréien, fir sech adequat op d’Beruffswelt virzebereeden.

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Aus der Covidkris ass keng Bildungskris ginn. Dat ass wuel luewenswäert, ma mir däerfen awer elo net stoe bleiwen. Et ass eisen Usproch, fir eis Schoul nach méi gerecht ze maachen an esou all Kand eng fair Chance op Bildung ze garantéieren.

Déi bildungspolitesch Prioritéite vun dëser Rentrée droen deem Rechnung.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...