Charles Goerens: Ech hätt léiwer, d’Britte wiere weider an der EU

De Verhandlungschef vun der EU, de Michel Barnier, ass dës lescht vill fir säi Geschéck bei de Brexit-Negociatioune gelueft ginn. De liberalen Europadeputéierte Charel Goerens deelt déi Meenung: Ouni dem Barnier säi breet Wëssen a seng Rou, wier den Accord mat Groussbritannien net méiglech gewiescht. Hien huet sech ni aus dem Konzept brénge gelooss. Et géif och souwisou kee Gewënner no deene Verhandlungen. Et wier éischter drëms gaangen, fir de Schued op béide Säiten ze limitéieren. Ma besser e raisonnabelen Accord ewéi iwwerhaapt keen, esou de Charel Goerens.

Fakt wier awer, datt d‘Äerdbiewe vum Brexit wäert Nobiewe mat sech bréngen, esou de fréieren DP-Minister. Hien ënnersträicht dobäi déi wuessend Spannungen iwwert d’Onofhängegkeet vu Schottland an och déi sëllegen, zemol jonk Britten, déi zanter dem Brexit fir d’EU op d’Strooss gaange sinn.

D’Méiglechkeet fir béid Säiten, fir verschidde Punkten aus dem Accord a e puer Joer nees kënnen op de Leescht ze huelen – z.B. d’Fëschquoten – déi sech extra gutt fir populistesch Aktiounen eegnen – gesäit de Charel Goerens éischter pragmatesch. Dat war eng vun de Klauselen, fir zu engem Kompromëss ze kommen. Esou ass d’Politik eeben an dat war de Präis, dee mer hu musse fir en Deal bezuelen.

Wat déi praktesch Auswierkungen fir d‘Nët-Britten a Groussbritannie betrëfft, esou hält de liberalen Europadeputéierte fest, datt d’Leit mat Rechter, déi géinge behalen. Fir Leit ouni Rechter géing et awer méi schwéier fir der ze kréien. Hie bedauert dofir, datt seng Propos vun enger Citoyenneté européenne net zeréckbehale gi wier.

Fir de Charel Goerens ass et allzäit kloer, datt de Poids vu Groussbritannien an der Welt elo net wäert zouhuelen. An dat géing och fir d’EU zielen. Dovunner ofgesin hätt hie léiwer gehat, wann d‘Britte weider an der EU bliwwe wieren…

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...