Claude Lamberty

De Jonken déi néideg Perspektiven an der Pandemie ginn

De Covid-19-Virus huet eis gewisen, datt et besonnesch fir déi jonk Leit net einfach ass, mat Themen ewéi Angscht, Krankheet an Dout konfrontéiert ze ginn. Do kann et scho mol virkommen, datt deen een oder anere Jonke méi emotional, an deelweis och méi aggressiv, reagéiert.

An deem Kader huet den DP-Deputéierte Claude Lamberty eng erweidert Fro un den Educatiounsminister iwwert d’Verhalensopfällegkeete vun deene Jonken gestallt, déi Ufank Mäerz an der Chamber diskutéiert ginn ass.

De Claude Lamberty wollt virop wëssen, wéi sech déi sanitärer Kris op déi mental Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen ausgewierkt huet. Zweetens, huet hien de wichtege Sujet vun der Preventioun a punkto Jugendgewalt ugeschwat a nogefrot, wéi eng sozio-edukativ Mesuren oder Programmer bestinn, fir d’Gewaltbereetschaft vun de Jugendlechen auszebremsen. Dono huet den Deputéierte méi spezifesch d’Entwécklung vun der Jugendgewalt an de Schoulen an d‘Roll vun de Psychologen an Educateuren an deem Kontext thematiséiert.

A senger Interventioun huet de Claude Lamberty och nach eemol ënnerstrach, wéi wichteg de schoulesche Kader fir déi mental Gesondheet vun de Jonken ass. „D’Entscheedung, dass d‘Schoulen – wann di sanitär Situatioun et rechtfäerdegt – esou vill ewéi méiglech sollen opbleiwen, ass eng Entscheedung, déi ech zu 100% deelen.“

D’Motivatioun, déi schoulesch Leeschtung a besonnesch d’Freed um Liewen ass erofgaange bei deene Jonken. (Claude Meisch)

A senger Äntwert huet de Ressortminister Claude Meisch confirméiert, datt d’Zuel vu Jugendleche mat a-typeschem Verhalen an d‘Luucht gaangen ass. Och d’Demande beim CEPAS wäre geklommen, sief et fir direkt bei Probleemer an der Schoul z‘intervenéieren oder fir d’Enseignanten iwwert d’Verhalensopfällegkeete vu Schüler ze sensibiliséieren.

Virun 3 Joer hätt een doriwwer eraus de Centre pour le développement socio-émotionnel geschaf, dee sech spezifesch op d‘Wuelbefanne vun de Schüler konzentréiert. Wat de Volet vun der Preventioun betrëfft, huet de Minister nach emol betount, wéi wichteg de sportlechen, kreativen a kulturellen Ausgläich fir déi Jonk ass. Dofir misst ee grad elo d‘activités périscolaires am Respekt vun de sanitäre Mesure bäibehalen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...