Den Impfstoff ass do!

De beschte Wee zeréck an d’Normalitéit

D’Welt gesäit endlech Luucht um Enn vum Tunnel, nodeems de Covid-19 d’Liewe vun de Mënsche zanter Méint fest am Grëff huet. D’Wëssenschaftler op der ganzer Welt hunn nämlech Impfstoffer an enger Rekordzäit entwéckelt. Am Dezember huet och Lëtzebuerg ugefaangen, seng Bierger géint de COVID-19 z‘impfen.

D’Vaccine sinn de beschte Wee aus der Kris – De beschte Wee zeréck an d’Normalitéit. Si sinn en zentrale Bestanddeel, fir eise Gesondheetssystem ze schützen a fir erëm an de Genoss vun eise Fräiheeten ze kommen.

D’Regierung huet déi lescht Méint eng gerecht an effikass Impfstrategie ausgeschafft, fir e groussen Deel vun eiser Bevëlkerung esou séier ewéi méiglech z‘impfen. Dobäi gëtt sech op d‘Recommandatioune vun der WHO, der EU-Kommissioun a vun der nationaler Ethikkommissioun baséiert.

D’Impfung ass gratis a fräiwëlleg

D’Regierung konnt 1,3 Milliounen Dose fir Lëtzebuerg virbestellen. Dat geet duer, fir 800.000 Mënschen z‘impfen, ouni anere Länner eppes ewechzehuelen.

An enger éischter Phase wäerten d’Gesondheetsberuffer, d’Personal an de Spideeler an an den Alters- a Fleegestrukture geimpft ginn. Esou ka séchergestallt ginn, datt de Gesondheetssystem an Zukunft net ënnert der Laascht vum Virus zesummebrécht. Ma och déi vulnerabel Leit, déi an den Alters- a Fleegestrukture liewen an am stäerkste vun der Krankheet betraff sinn, gehéieren zu dësem prioritäre Grupp.

Uechter d’Land ginn zentraliséiert Strukturen opgebaut, fir d’Leit z’impfen, well d’Impfstoffer mussen ënnert spezifesche Konditiounen transportéiert a stockéiert ginn. Mobil Ekippen wäerten an d‘Alters- a Fleegeheemer goen, fir deene vulnerabele Leit onnéideg Deplacementer z’erspueren.

Jo, sech impfen ze loossen ass ee perséinleche Choix. Et ass awer och eng Fro vu Verantwortung a Solidaritéit. Eng Impfung ass nämlech net just fir ee selwer, mee ëmmer och fir engem seng Matmënschen. An all Impfung zielt!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...