Marc Hansen

Digitaliséierung vum ëffentlechen Déngscht

Den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung Marc Hansen huet sech eng Rëtsch ambitiéis Projete fir dëtt Joer virgeholl. Déi aktuell Prozeduren an Aarbechtsofleef bei der Fonction Publique solle moderniséiert ginn, fir de Fuerderunge vum digitalen Zäitalter gerecht ze ginn.

De Minister setzt seng Kaarte bewosst op d’Potenzial vun de GovTech, also op Technologien, déi souwuel den Echange mat de Bierger a mat den Entreprisen, ewéi och déi intern Kommunikatioun tëscht den eenzelen Administratioune vereinfache sollen.

EXPERIMENT, EXCHANGE, INNOVATE

De GovTech Lab soll d’Digitaliséierung vum ëffentlechen Déngscht acceleréieren, andeems een d’Wësse vun externen Acteure matabezitt. Ganz am Sënn vun enger Approche d’Innovation ouverte, schaft de Ministère eng interaktiv Plattform, déi d‘Acteuren aus der Fonction Publique mat Experten aus der Privatwirtschaft zesummebréngt. Eng Communautéit fir den Austausch vu kreativen Iddien a vun neien Technologien.

De GovTech Lab soll eng innovativ Aarbechtskultur fërderen, andeems e verschidden Challengen organiséiert. Fir d‘éischt proposéieren d‘Administratiounen e konkrete Probleem, deen am Kader vum Challenge soll geléist ginn. Dono gëtt dann eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach, bei där Start-uppen, Fuerscher, Entreprisen, Independanten an och Studente kënne matmaachen. Si sollen innovativ Léisunge fir de spezifeschen Challenge proposéieren a kënnen esou hir individuell Kompetenzen ënner Beweis stellen.

Den éischten Challenge mam Numm Bye bye robots! ass schonn Enn vum leschte Joer lancéiert ginn: Mam Zil fir d’Websäite vun der Fonction Publique viru Spam-Ugrëff ze schützen. D’Kandidate sollen eng nei Method entwéckelen, mat där iwwerpréift ka ginn, ob sech effektiv e Mënsch oder awer e Roboter ageloggt huet.

ENG HARMONISÉIERUNG VUN DEN ADMINISTRATIVE PROZEDUREN ZU GONSCHTE VUN DE BIERGER

Am Sënn vun der Simplification administrative vum ëffentlechen Déngscht, huet de Minister Marc Hansen ufanks Januar en aneren neie Projet virgestallt: enquetes-publiques.lu – een digitaalt Portal fir Bedeelegungsprozeduren.

Den neie Site erlaabt dem Bierger e séieren an einfachen Accès op d’Informatiounen zu den aktuellen, ëffentleche Prozeduren. D‘Bierger hunn esou d’Méiglechkeet hir Bäiträg elektronesch un déi concernéiert Autoritéite weiderzeginn. Ausserdeem kënne sech d’Notzer fir spezifesch Prozeduren oder Thematiken abonéieren. A schliisslech profitéieren d’Administratioune vum neie Site duerch déi méi einfach a séier Gestioun vun de Biergerbäiträg.

STRATEGIE VUN DER DIGITALER GOUVERNANCE

Viru kuerzem huet de Minister Marc Hansen och déi nei Strategie Gouvernance électronique 2021-2025 virgestallt, déi di verschidden Elementer fir d‘Digitaliséierung vum ëffentlechen Déngscht definéiert. Dës Transitioun soll vu 6 Prinzippien guidéiert ginn.

Wärend 2015 schonn déi 3 Krittären vum Once only, Digital by Default an der Transparenz festgehalen gi sinn, kommen elo 3 neier dobäi:

  • Inclusioun: d’Servicer solle fir jiddereen accessibel a verständlech sinn,
  • Sécherheet a Vertrauen: d’Administratioune mussen de Schutz vu privaten Donnéeë garantéieren,
  • Interoperabilitéit: standardiséiert, informatesch Programmer sollen d’Kompatibilitéit vun den Donnéeë garantéieren an esou d’Kommunikatioun tëschent den Administratiounen a mat de Bierger vereinfachen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...