E staarkt Europa fir eng staark Jugend

Geschwë geet et erëm an de Walbüro. Den 9. Juni wiele mir dës Kéier eis Europa-Deputéierten an zwar an enger Zäit vu Skepsis an Onsécherheet.

An Europa ginn déi rietspopulistesch Parteien ëmmer méi beléift, besonnesch bei de jonke Wieler. Hätte bei de leschte Parlamentswalen an Holland just d’Stëmme vun de Wieler ënner 35 Joer gezielt, dann hätt de Geert Wilders vun der rietsextremer an auslännerfeindlecher PVV nach e bessere Score gemaach. D’Marine Le Pen krut bei de viregte Presidentiellen 39 Prozent Support vun de Leit tëschent 18 a 24 Joer a bal d’Hallschent vun de Votten tëschent 25 a 34 Joer. Och an Italie war der Giorgia Meloni hier Partei, Fratelli d’Italia, déi beléiftste Formatioun bei de Wieler ënner 35 Joer.

Mee firwat wielen déi Jonk ëmmer mei riets? Eng einfach Erklärung gëtt et net, hei spille verschidde Facteuren eng Roll: sinn dat steigend Liewens- a Logementskäschten, Krich an Europa, héije Jugendchômage, rasant sozial an demografesch Verännerungen, vläicht och e generellen Desintressi un der Politik. Déi Ängschte gi geschéckt vu Rietspopulisten instrumentaliséiert : esou huet d’AfD déi meeschte Follower vun den däitsche Parteien op de soziale Medien.

Mir mussen e Rietsruck bei den Europawale verhënneren. Wei wichteg Europa fir déi Jonk ass, huet een 2016 a Groussbritannie gesinn, wéi dausende vun hinne géint de Brexit op d’Strooss gaange sinn – leider ouni Erfolleg. Mam Austrëtt aus der EU, huet déi brittesch Jugend nämlech wichteg Zukunftsperspektive verluer. Z.B. den Accès zum Erasmus Plus-Programm, deen hinnen – onofhängeg vum sozioekonomeschen Hannergrond – erlaabt huet, a verschiddenen europäesche Länner ze liewen an ze studéieren, an hiren Horizont um Oarbechtsmarche z’erweideren.

Wéi kënne mir de Jonken hei zu Lëtzebuerg Europa méi no bréngen?

Dofir brauche mir en transparenten Dialog vun den europäeschen Institutiounen a vun hiren Acteure mat der Jugend – an zwar net just virun de Walen. Kruzial sinn dobäi d’Schoulen, d’Jugendparlament an déi politesch Parteien. Mir brauchen e richtege Politik-Cours fir der nächster Generatioun d’Wichtegkeet vun eiser Unioun méi no ze bréngen, sou dass si déi europäesch Rechter – opbauend op Fridden a Stabilitéit – net als Acquis ouni Valeur gesinn.

Europa muss sech fir eis Jugend interesséieren.

Dofir brauche mir Efforte vun alle Säiten, fir datt jidderee ka vun engem staarken Europa profitéieren. Och an zemol déi jonk Mënschen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...