Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un. Déi sechs Kandidate sti fir ganz villfälteg Erfarungen, Kompetenzen an Themeschwéierpunkten. Als iwwerzeegten Europäer wëlle si d’Europäesch Unioun stäerken.

D’Lëscht vun der DP ass paritéitesch besat an d’Altersmoyenne ass 46 Joer.

v.l.n.r. Gusty Graas, Jana Degrott, Charles Goerens, Amela Skenderović, Nancy Braun, Christos Floros

Charles Goerens

Europadeputéierten
Bauer
72 Joer
Schieren

De Charles Goerens freet sech, fir kënnen zesumme mam Amela Skenderović, Nancy Braun, Jana Degrott, Christos Floros a Gusty Graas um europäeschen Haus matzebauen. Zesumme wëlle se fir de sozialen Zesummenhalt antrieden an dofir, dass d’Recht sech ka behaapten, d’Fräiheet erhale bleift, Respekt an Toleranz dominéieren: “Grad an dësen Zäite musse mir alles dofir maachen, dass d’Europäesch Unioun wehrhaft bleift, esou dass d’Bierger an eist wäertbaséiert Zesummeliewe weider geschützt ginn.

Amela Skenderović

Enseignante
28 Joer
Esch-Uelzecht

D’Amela Skenderović schafft als Englesch-Enseignante. Si setzt sech virun allem fir d’Fraerechter an Europa a fir e gutt interkulturellt Zesummeliewen an: “Grad déi Jonk an och d’Frae sinn an der Politik ënnerrepresentéiert. Ech wëll deenen eng Stëmm ginn, déi nach keng hunn.” D’Amela schwätzt aacht Sproochen.

Nancy Braun

Kulturmanagerin
51 Joer
Stad Lëtzebuerg

D’Kultur ass der Nancy Braun hiert Doheem. Mam Projet “Esch 2022, Europäesch Kulturhaaptstad”, war et hier Missioun, Leit, Stied a Länner duerch d’Kultur ze verbannen: “Esou dréit d’Kultur dozou bäi, Europa op eng nohalteg Aart a Weis ze stäerken!” Als Scout ass hir de Benevolat enorm wichteg, sief et am sozialen, am humanitären oder am Jugendberäich.

Jana Degrott

Gemengeconseillère
Juristin
28 Joer
Steesel

D’Jana Degrott setzt sech, mat hirer Associatioun We Belong Europe, fir d’Inklusioun vun alle Matbiergerinnen a Matbierger an eiser Gesellschaft an: “Diskriminatioun ass leider nach ëmmer eng Realitéit. Ech setze mech mat verschiddene Projeten dofir an, dass och Persoune mat enger geeschteger respektiv physescher Behënnerung ganz um gesellschaftleche Liewen deelhuele kënnen”, esou d’Juristin a Gemengeconseillère vu Steesel.

Christos Floros

Manager am Marketing
30 Joer
Stad Lëtzebuerg

De Christos Floros wëll duerch säin Engagement dozou bäidroen, dass Lëtzebuerg eng dreiwend Kraaft fir de Progrès an Europa bleift: “Mir mussen eis gemeinsam europäesch Valeure verdeedegen.” De Christos ass zu Lëtzebuerg opgewuess a mécht sech online fir politesch Participatioun staark. Hie schafft am technologesche Beräich als Marketing-Manager.

Gusty Graas

Deputéierten
Schäffen
66 Joer
Beetebuerg

De Gusty Graas ass Deputéierten a Schäffen zu Beetebuerg. Als President vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber suivéiert hien déi europäesch Dossieren am Alldag. Esou huet hien eng kloer Virstellung dovunner, wat een um europäeschen Niveau nach verbessere kann. “Och wann eis Unioun net perfekt ass, brauche mir méi Europa, net manner.”, esou de Gusty Graas.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...