Eise Walprogramm fir Europa

D’Europäesch Unioun ass zanter Joerzéngten de Garant fir Fridden, Stabilitéit a Wuelstand. D’Wäerter vun hirer Politik hunn als Zil, de Mënschen e Liewen a Fräiheet an a sozialer Sécherheet z’erméiglechen.

Ma d’Zäite si méi mouvementéiert ginn an de leschte Joren – an Europa an an der ganzer Welt. Mir si konfrontéiert mat gesellschaftleche Remaniementer, dem Klimawandel a mat geostrategesche Risiken.

Mir kënnen dës grouss Erausfuerderungen nëmmen da meeschteren, wa mir d’Problemer an Europa zesummen upaken! Mir kënnen déi Aufgaben, déi ee Staat net eleng packe kann, nëmmen zesummen als Europäerinnen an Europäer léisen. Dat gëllt besonnesch fir eist klengt Land am Häerz vun Europa: Lëtzebuerg ass staark, wann Europa staark ass.

Dofir brauche mir eng Europäesch Unioun, déi selbstbewosst, widderstandsfäeg a virun allem handlungsfäeg ass. Mir mussen d’EU an hir Institutiounen elo stäerken: fir e Liewen a Fridden an a Fräiheet, mat Wuelstand a sozialer Sécherheet. Mir dierfen dobäi keng Zäit verléieren!

Europa. Stäerken, wat eis schützt.

Dofir sti mir, dofir steet d’Demokratesch Partei.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Prioritéite vu muer haut am Budget setzen

Haut gouf de Staatsbudget fir d’Joer 2027 an der Chamber deposéiert. D’Carole Hartmann ass Rapportrice vum Budget. An dësem Kader wäert d’DP-Deputéiert hiren thematesche Schwéierpunkt op d’Investitiounen an d’Zukunft leeën.

weiderliesen...

Klimapolitik weiderdenken

Déi lescht Méint hunn eis drun erënnert, wat d’Stonn geschloen huet. D’DP hëlt déi Erausfuerderunge ganz eescht. Eis Partei wëll d‘Regierungsaarbecht aus de leschten 13 Joer am Beräich Klimaschutz konsequent weiderféieren an ausbauen.

weiderliesen...