Gilles Baum

Et geet kee Wee méi laanscht eng sektoriell an alters-spezifesch Impfflicht

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

D’Chamber huet d’virlescht Woch iwwert eng Impfflicht hei am Land diskutéiert an d’Parlament huet d’Regierung dozou opgeruff, fir kuerzfristeg – d.h. bannent 3 Méint – e Gesetzprojet auszeschaffen, deen eng obligatoresch Vaccinatioun fir all Leit iwwer 50 Joer a fir alleguerten d’Beschäftegt aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur an aus de Rettungsdéngschter virgesäit. Déi Impfflicht soll am Ufank emol fir 2 Joer gëllen. Sollt eng nei, méi geféierlech Variant vum Covid-Virus fir déi méi jonk Altersgruppen opdauchen, da kéint déi Altersbarrière eventuell erofgesat ginn.

D’Haapt-Ziler si kloer :

  1. Déi medezinesch Servicer am Land – zemol an de Spideeler – garantéieren ;
  2. Besonnesch d’Risiko-Gruppen iwwer 50 Joer schützen ;
  3. Schwéier Verleef no enger Ustiechung mam Virus esou wäit ewéi méiglech auszeschléissen.

D’ Demokratesch Partei huet sech bei hirer Decisioun op de Rapport vum Expertegrupp baséiert – also op wëssenschaftlech Erkenntnisser, op d’Erfahrungen vun dene Leit, déi all Dag dobaussen um Terrain mam Virus ze din hun.

D’Regierung soll och eng Etude iwwert den Impakt op d’Spideeler vun de Leit ënner 50 Joer maachen, déi positiv sinn.

D’Chamber huet weider no fiabele Chifferen iwwert de Impf-Taux bei de viséierte Alters- a Beruffsgruppe gefrot.

De gefuerderte Gesetzprojet muss elo säi Wee duerch Instanze goen.

Esou eng Mesure wéi d’Impfpflicht fällt enger liberaler Partei net liicht: Ech kann iech versécheren, datt mir net gären op de Wee vun enger Impfflicht ginn (esouguer, wa se net generell ass). Ma mir gesi keen anere Wee méi, fir weider schwéier Kranker an Doudeger esou wäit ewéi méiglech z’evitéieren.

Mir setzen dobäi awer och weider op fräiwëlleg Impfungen. Dat gëllt zemol fir d’Alterstranche tëschent 20 Joer an 29 Joer, an där den Taux am niddregsten ass.

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Mir hate gehofft, datt Appeller zur Solidaritéit géingen duer goen, fir de Virus an de Grëff ze kréien. Dat ass awer net de Fall. Dofir si mir elo um Punkt ukomm, wou kee Wee méi laanscht eng sektoriell an alters-spezifesch Impfflicht geet: Besonnesch aus Solidaritéit mat de vulnerabele Leit an aus Solidaritéit mat dem Personal aus dem Gesondheets- a Fleege-Secteur.

Ma och aus Respekt virun der grousser Majoritéit vun eise Bierger, déi sech vun Ufank un all d’Mesuren an d’Contrainte gehalen hunn. Et dierf op kee Fall d’Gefill bei hinnen opkommen, wéi wann hir Efforte ëmsoss gewiescht wieren. Well si all sinn d’Basis um Wee zeréck an d’Normalitéit.

Ech soen iech Merci.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...