De Charel Goerens sëtzt u sengem Büro.

Europa

„Virun der Rentrée hunn ech mech mat de Lëtzebuerger Medie getraff, fir driwwer ze schwätzen, wéi d’EU-Aussepolitik an deenen nächste Jore besser ka finanzéiert ginn. Mat dem neie Global Europe-Fong vun 80 Milliarden Euro, deen ech gehollef hu mat op de Wee ze bréngen, wäert Europa seng Humanitär- an Entwécklungshëllef rationaliséieren, a besser garantéiere kënnen, dass déi international Partner eis Grondwäerter vertrieden.

Ech war dann och zu Gaascht am Kloertext op RTL, fir iwwert d’Situatioun am Afghanistan ze schwätzen. D’Evakuatioun vun EU-Bierger a vu villen, mee leider net alle lokalen Hëllefskräften, huet kloer gemaach, wéi ofhängeg d’EU vun den Amerikaner ass. Mir mussen dowéinst dringend méi strategesch autonom ginn. Konkret brauch een hei eng méi enk politesch Unioun an eng seriö Verdeedegungsunioun.

Zu Stroossbuerg hunn ech dunn och der Kommissiounspresidentin hier Ried zur Lag vun der Unioun nogelauschtert. D‘EU ka sech zu Recht felicitéieren, dass d‘Zil vun enger Vaccinatiounsquot vu 70% erreecht ginn ass. Elo musse méi Efforte gemaach ginn, fir och de Rescht vun der Welt z’impfen.”

Charles Goerens,
Europadeputéierten

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm d’Kooperatiounspolitik, ëm Safeguarding am Sport, ëm Éiwegkeetschemikalie wéi PFAS a villes méi.

weiderliesen...

Méi Schutz a Verantwortung am Sport

Den aktuelle Fall ronderëm d’Fraennationalekipp am Fussball weist, dass gehandelt muss ginn. Dofir huet d’DP-Deputéiert Mandy Minella dëse Mëttwoch an enger Fro un d’Sportsministesch nach emol nogehakt, wou d’Ethik-Charte an den ugekënnegten nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding dru wieren.

weiderliesen...