Europa Charles Goerens Header

Fir eng funktiounsfäeg Europäesch Unioun

Routine war gëschter, awer leider vill ze laang. Imaginatioun, Kreativitéit an Determinatioun ass haut, et sief da mir géifen d‘Heft engem anere wëllen an d‘Hand ginn. Ee vun deenen Anere sëtzt am Kreml. E behaapt, e géing d’Erweiderung vun der NATO an der EU fäerten, mee a Wierklechkeet fäert hien d‘Erweiderung vun der Demokratie. E geet zwar mat an d‘Walen, mee mir wëssen och elo scho wéi déi Walen ausginn. An Amerika sinn och Walen, do kenne mer den Ausgank zwar nach net, mee sollt den Donald Trump nach eemol gewannen –  an dat maachen, wat en ugekënnegt huet – dann hätt d‘Ukrain um Enn vum Joer net méi vill ze laachen.

Lo wësse mer awer, dass den Ausgank vun dem Konflikt net nëmmen d’Zukunft vun der Ukrain wäert prägen, mee och déi international Uerdnung a besonnesch d‘Zesummeliewen op eisem Kontinent. Well een deen do Zenario awer net vu virera kann ausschléissen, solle mer eis och op déi schwéierst a komplizéiertst Situatioun virbereeden, nämlech déi, wou mer nëmmen zu 27 ganz eleng do stinn.

Et geet net méi duer, fir ze soen d‘Fräiheet huet kee Präis, well se kascht awer am Endeffekt eppes. Se kascht eis méi wei déi 50 Milliarden, déi mer elo laang a penibel am Zickzack-Kurs de leschten Donneschdeg zu Bréissel hikritt hunn. Se kascht eis net nëmme Geld, se verlaangt och vun eis eng Upassung vun der Manéier, wéi mer funktionéieren an der EU. Se verlaangt, dass mer deenen Erpresser, déi sech hannert der Eestëmmegkeet verstoppen, d’Rout Kaart weisen. Se verlaangt, dass wa mer scho verschidde Länner de Bäitrëtt an d‘EU verspriechen, dat ass och gutt esou, mee dass mer déi Promessen eréischt kënnen halen, wa mer och funktiounsfäeg sinn, fir dat hinzekréien. Se verlaangt un éischter Stell, dass déi aktuell 27 Membere vun der EU sech esou organiséieren, dass se mat där rasanter, internationaler Entwécklung kënne Schrëtt halen. Se verlaangt, dass mer zu 28, 30 oder 35 net nëmmen an der Lag sinn den europäesche Bannemaart ze gestalten, mee se verlaangt och, dass mer an enger erweiderter EU zesumme méi staark si wéi lo.

Vun all deenen Upassunge vun deenen elo riets goung, gëtt et keng eng, déi net elo scho misst resolut ugepaakt ginn. An der Ausernanersetzung bis den 9. Juni, wou mer een neit Europäescht Parlament wielen, wäerte mer op där enger Säit Fraen a Männer hunn, déi fir eng funktiounsfäeg Unioun sinn – nenne mer se mol einfach d’Verteideger vun eiser fräiheetlecher, toleranter, oppener a solidarescher Gesellschaft. Déi di Upassungen ofleenen an net bereet sinn déi Efforten unzegoen, déi dëse Kontinent brauch, fir seng Fräiheet a Rechtsstaatlechkeet ze festegen, déi wäerten sech profiléieren als Doudegriewer vun der gemeinsamer europäescher Aventure. Enger Aventure, déi konnt bis elo Fräiheet, Wuelstand a Respekt vun der mënschlecher Dignitéit garantéieren. Mir wëllen zu deene gehéieren, déi zesummen och mat anere politesche Kräften dat do weider ënnerstëtzen.

Ofschléissend sief bemierkt, dass d’Politik, ech mengen déi responsabel Politik, zwar eng fundamental Ausriichtung, wat den obligatoresche Respekt vun eise gemeinsame Wäerter ubelaangt, net muss a Fro stellen, mee d’Method, wéi d’Politik gemaach gëtt, muss iwwerduecht ginn. D’Bauereprotester vun de leschte Woche léieren eis, dass eng gemeinsam Agrarpolitik, déi net mei verstane gëtt, zu engem ganz déiwe Malaise féiert. Wann déi Protestbeweegung vu ganz ville Bierger verstan an ënnerstëtzt gëtt ,weist dat datt d’Kommissioun, an d’Kommissioun un éischter Stell, een Effort vun Dialog a Kooperatioun sollt beweisen. Soss, fir eleng bei dësem Beispill ze bleiwen, gëtt d’Vertrauen an d’EU menacéiert an dat wier net gutt fir de Fortbestand vun deene 27.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...