Firwat gouf den CR359 deelweis gespaart fir Bussen do parken ze loossen?

Viru kuerzem ass e Stéck vum CR359 tëscht Ierpeldeng-Sauer an Ettelbréck op enger Säit gespaart ginn, fir dës Streck als Busparking ze notzen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn a wéi laang dëst soll daueren.

„Viru kuerzem ass e Stéck vum CR359 tëscht der Laduno zu Ierpeldeng-Sauer an dem Rond-Point bei Ettelbréck hallef gespaart ginn. Dat féiert dozou, datt vill Automobilisten, déi vun Ettelbréck an d‘Angelduerfer Industriezon wëllen, duerch d‘Porte des Ardennes (N27) an d’Wunnstrooss „Rue Laduno“ fueren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Firwat gouf decidéiert fir Bussen am CR359 stationéieren ze loossen? Wéi laang soll dat daueren? Huet dat mam Bau vum Tunnel op der Ettelbrécker Gare ze dinn?
  • Firwat gëtt net de fräien Terrain vun der CFL beim Garage Leweck genotzt fir d‘Bussen do waarden ze dinn?
  • Wéi vill Busse fueren all Dag vun dëser Plaz (CR359) aus fort a wéi gesäit hire Circuit aus?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...
Santé et sécurité au travail

Wéi oft gouf géint d’Aarbechtsrecht verstouss ?

D’ITM krut an de leschte Joren nei Inspektere bäi, déi op de Chantieren an Aarbechtplazen Kontrollen duerchféieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister ënnert anerem nogefrot, wéi oft géint d’Aarbechtsrecht verstouss gouf, wéi eng Secteuren betraff waren a wéi eng Sanktioune verhaange goufen.

weiderliesen...