Paul Engel

Fusioun Groussbus-Wal: Eng Fusioun erlaabt villes, wat eleng net méiglech wier

De Paul Engel ass zanter 2017 Buergermeeschter vu Groussbus. Um Wee zu enger Fusioun mat der Gemeng Wal huet hien déi geplangte Projeten a senger Gemeng weidergefouert: Ech wollt net alles op d’Kopp geheien, wat scho geplangt war. Dat kascht just Suen an Zäit.

De Paul Engel wëll keng Leit ecartéieren, ma zesumme fir d’Leit schaffen, zesumme Projeten ëmsetzen, déi d’Gemeng no vir bréngen. Dat ass him ganz wichteg. D’geet em dat Ganzt, d’geet em d’Gemeng. Mir musse prett fir d‘Zukunft sinn. D’nächst Joer gëtt z.B. mam Bau vun enger neier Gemeng zu Groussbus (1.112 Awunner) am Sprëtzenhaus ugefaangen.

Fir de Paul Engel war kloer, datt ee misst mat engem Partner aus dem Réidener Kanton fusionéieren, well een do souwisou schonn enk zesummeschafft. Dofir ass een sech relativ séier mat der Gemeng Wal (1.034 Awunner) eens ginn. An d’Etüden hätte gewisen, datt déi Fusioun Sënn mécht: Net, datt alles direkt géing besser ginn, ma eng Fusioun erlaabt villes, wat eleng net méiglech ass. Zesummen ass ee méi staark, zesumme kann ee méi erreechen.

Nom Accord vun de Gemengeréit soll de Referendum nach virun der Summervakanz sinn. Déi gréissten Erausfuerderung bis dohinner ass et, fir d‘Leit esou gutt ewéi méiglech z’informéieren. Trotz der Covid 19-Pandemie. Et schéngt mer besonnesch wichteg, fir de Leit esou séier wéi méiglech d’Aussiicht op eng besser Zukunft ze ginn. Zäitgläich mam Vaccin géint de Virus.

Et soll eng Fusioun op Aenhéicht sinn. Dofir soll sech de Gemengerot vun der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal 2023 paritéitesch aus 6 Conseillere vu Groussbus a 6 Conseillere vu Wal zesummesetzen. Déi zwee Partner hunn allkéiers 2 Schäffen zegutt, wouvunner ee Buergermeeschter gëtt. Vun 2029 un soll d’Gemeng da just nach aus enger Sektioun bestoen. Den Haaptsëtz gëtt Groussbus mat enger neier Märei. Déi zwee Schoulsitten zu Groussbus an zu Gréiwels bléiwe bestoen. Déi al Gemeng zu Groussbus géing als Extensioun fir d‘Schoul profitéiert ginn.

De Bierger an enger klenger Gemeng huet d’Recht op déi nämmlecht Servicer, wéi an enger grousser Gemeng, fuerdert de Paul Engel. A mat enger Fusioun géing d’Gemeng aner Méiglechkeeten a Punkto Finanzen a Personal kréien, fir hire Verflichtungen nozekommen: Et gëtt einfach alles méi einfach. Besonnesch wann ee bedenkt, a wéi engem Mooss och d’Gemengen iwwer Land wuessen.

Um Wee dohinner versprécht de Paul Engel awer keng Prestige-Projeten, ma ganz einfach dee Service an déi Liewensqualitéit fir seng Bierger, wéi jiddereen se am Land verdénge géing. Egal wou e wunnt…

Paul Engel

De Paul Engel ass gebierteg vun Useldeng, bestuet a Papp vun 2 Meedercher. De 45 Joer ale Beamte vun der CREOS wunnt zanter 15 Joer zu Dellen, engem klengen Duerf vun der Gemeng Groussbus (Groussbus, Dellen, Léierhaff). De begeeschterte Musikant an Theaterspiller huet sech fir d’éischt 2015 bei Komplementarwalen opgesat an ass direkt gewielt ginn. 2019 war de Paul Engel neutrale Kandidat an ass mat 70 Stëmme Virsprong als Éischte gewielt ginn. Zanterhier ass den DP-Politiker Buergermeeschter vu Groussbus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...