FutureLab – Workshop a Coaching

Workshop Logement

De Mangel u bezuelbarem Wunnraum zu Lëtzebuerg ass zanter ville Joren eng grouss Erausfuerderung. Wéi kënne mir méi Terrain mobiliséieren? Wéi eng Prozedure mussen acceleréiert ginn? Wéi gesäit et mat steierleche Mesuren aus? 

Iwwer dës an aner Stellschrauwe hu mir am Kader vun engem Brainstorm-Workshop zum Thema Logement geschwat.

Coaching “Sozial Medien als Politiker

Sozial Medie sinn haut e feste Bestanddeel vun der politescher Kommunikatioun. Mä, wéi eng sozial Medie ginn et iwwerhaapt? Wéi eng Plattformen eegene sech fir mech? Wat a wéi dacks soll een eppes posten?

An dësem Coaching si mir an d’Welt vu Facebook&Co. agedaucht an hunn diskutéiert, op wat et wierklech ukënnt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Esch

E gutt gefëllte Sall am Kinepolis, vill aktuell Themen an den direkten Austausch mat de Biergerinnen a Bierger. En Dënschdeg, de 17. November 2026 war de Motto um Belval: „Wéi schafe mir fair Chancë fir jiddereen?“

weiderliesen...

Klimaziler als Kompass, Kafkraaft als Prioritéit

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt de Claude Lamberty iwwer déi rezent Verlängerung vun den Energiemesurë vun der Regierung. Den éischte Schäffe vun Hesper ënnersträicht d’Schlësselroll, déi bezuelbaren an nohaltege Stroum fir d’Zukunft vum Land spillt.

weiderliesen...