Gesellschaft

Gesellschaft

Zesummeliewen an der Gesellschaft: oppen, tolerant, solidaresch an inklusiv

D’DP steet fir eng fräi, oppen an tolerant Gesellschaft, déi net nëmme solidaresch mat deene méi Schwaachen ass, ma déi sech dofir asetzt, datt alleguerten d’Mënsche kënnen um gesellschaftleche Liewen deelhuelen.

Gesellschaftspolitesch huet d’DP-gefouert Regierung remarkabel Succèsen Opweises. D’Prozedur fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, gouf méi einfach gemaach. D’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch bleift awer weider en entscheedende Critère. Gläichgeschlechtlech Koppelen dierfen sech endlech matenaner bestueden a Kanner adoptéieren. Déi zweeten obligatoresch Consultatioun vu Fraen, déi sech fir en Avortement (IVG) decidéiert hunn, ass ofgeschaaft ginn. E ganz grousse Schrack war iwwerdeems d’Neireegelung vun de Relatiounen tëscht dem Staat an de Reliounen, déi zesumme mat de verschiddene Glawensgemeinschaften ausgeschafft ginn ass.

D’Rechter vun de Kanner a Jugendleche stäerken

D’DP wäert de Projet vun engem neien Jugendschutzgesetz esou séier wéi méiglech ëmsetzen. Mir wëllen d’Rechter vu de Kanner stäerken a weider an d’Präventioun géint d’Jugenddelinquenz a fir d’Resozialiséierung vu stroffällege Jugendlechen investéieren. D’DP wäert net weider akzeptéieren, datt Mannerjäreger am Prisong agespaart ginn. Dofir wëlle mir an déi néideg Infrastrukturen investéieren, fir dat an Zukunft ze verhënneren.

Individuell Risikobewäertung bei Blutt- a Plaquette-Spenden

D’DP wäert d’Kritäre fir Blutt- a Plaquette-Spenden änneren, well déi den Ament homosexuell Männer kategoresch ausschléissen. D’DP setzt sech fir de Prinzip vum „individual risk assessment“ an, d.h. fir eng individuell Risikobewäertung vun alle Spender.

De Benevolat stäerken

D’DP ass sech bewosst, wéi wichteg de Benevolat an eiser Gesellschaft ass an dofir wëlle mir déi vill Fräiwëlleg an hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Mir wäerten dofir e Kadergesetz fir d’Fërderung vun de Benevollen ausschaffen, an deem déi aktuell Reglementatiounen a staatlech Ënnerstëtzunge vereenheetlecht ginn. Mir wëllen och nei Motivatioune schafen, fir d’Fräiwëllegenaarbecht méi attraktiv ze maachen.

D’Auswierkunge vum neie Scheedungsgesetz préiwen

D’DP wäert d’Auswierkunge vum neie Scheedungsgesetz analyséieren a seng Effikassitéit an der Praxis iwwerpréiwen. Mir wäerte virun allem d’Auswierkunge vum Ofschafe vun der Scheedung wéinst Feelverhalen (divorce pour faute) kritesch op de Leescht huelen.

Lutte géint Gewalt am Stot ausbauen

Mat der sougenannter „Afferambulanz“ huet d’Regierung e wichtege Kontakt fir d’Affer vun der Gewalt am Stot geschaf. D’DP wäert weider Gesetzer upassen, fir Fraen a Männer besser virun dëser Gewalt ze schützen. Mir wäerten ë.a. d’Konventioun vum Conseil de l’Europe – fir d’Verhidden an d’Bekämpfe vun der Gewalt géint Fraen a vun der Gewalt am Stot – ëmsetzen.

Gläichstellung vu Mann a Fra garantéieren

An de leschte fënnef Joer huet d’Regierung dofir gesuergt, datt Mann a Fra op der Aarbecht gläichbehandelt ginn. Et gouf ë.a. gesetzlech festgeluecht, datt Mann a Fra mussen de gläiche Loun fir déi gläich Aarbecht kréien. Weider huet d’Regierung sech fir eng geschlechtlech Paritéit a staatleche Gremien an a Verwaltungsréit engagéiert, an deenen de Staat vertrueden ass. D’DP wäert weider Sensibiliséierungscampagnen ënnerstëtzen, déi sech géint Stereotyppe vu Geschlechterrolle stäipen, z.B. de „Girls’day –Boys’day“ .

Rechter vun Transgender a vun intersexuelle Mënsche stäerken

Lëtzebuerg huet d’lescht Joer d’IDAHOT-Erkläerung géint d’Diskriminéierung a fir den Ausbau vun de Rechter vun LGBTI-Mënschen (lesbesch, homo-, bi-, trans- an intersexuell Mënschen) ënnerschriwwen. D’DP wäert d’Rechter vu Leit stäerken, deenen hir äusserlech Geschlechtscharakteristiken net mat hirem gefillte Geschlecht iwwereneestëmmen oder déi net kënnen engem Geschlecht kloer zougerechent ginn. D’Ännere vum Geschlecht oder vum Numm vun Transgender ass schonn an dëser Legislaturperiod vereinfacht ginn, fir onnéideg a belaaschtend Prozeduren aus dem Wee ze goen. D’Käschte vun noutwennegen, chirurgeschen Interventioune solle vun de staatleche Krankekeese rembourséiert ginn. D’DP wäert och préiwen, ob et méiglech ass fir en drëtt Geschlecht anzeféieren. D’DP verlaangt, datt Kanner, bei deenen d’Geschlecht net kloer ka festgestallt ginn, keng chirurgesch Interventiounen dierfe gemaach ginn.

Gesetzleche Kader fir „Mères porteuses“ („Leihmütter“) schafen

Fir d’Wuel an d’Rechter vun de betraffene Kanner, wäert d’DP déi Kanner esou séier wéi méiglech unerkennen, déi (über eine Leihmutterschaft) am Ausland op d’Welt komm sinn. D’DP fuerdert och e klore gesetzleche Kader, fir datt Mënschen net mussen an d’Ausland fir eng Leihmutterschaft goen. D’Leihmutterschaft soll op engem Modell baséieren, wou keng Suen dofir bezuelt ginn.

Kontrolléiert Legaliséierung vum Cannabis

Fir d’DP ass déi repressiv Drogepolitik aus de leschte Joerzéngten en Echec. D’DP wëll nei Weeër goen an ass fir d’Méiglechkeet vun enger staatlech kontrolléierter Distributioun vu Cannabis un Erwuessener. Esou ee Schrack muss awer ënner strenge Reegele fonctionnéieren. Fir keen Drogentourismus ze riskéieren, sollen z.B. nëmmen Erwuessener Cannabis kafen dierfen, déi hei am Land liewen. Esou eng legal a vum Staat iwwerwaachte Vente wier e schwéiere Coup géint den illegalen Handel, d’Kärgeschäft vu ville kriminellen Organisatiounen. D’Recettë vun där kontrolléierter Vente sollte ganz an d’Präventioun an an d’Informatioun vun entspriechenden Initiativen a Berodungszentere vun der Drogenhëllef an Drogeberodung goen. Dobäi muss een sech an Uecht huelen, datt den Drogekonsum net verharmloost gëtt.

Stroosseprostitutioun evitéieren

Nodeems an der leschter Legislaturperiod schonn e Gesetz fir eng besser Protektioun vun den Affer vun der Zwangsprostitutioun gestëmmt ginn ass, wäert d’DP zousätzlech Efforte maachen, fir d’Prostitutioun vun de Lëtzebuerger Stroossen ewech ze kréien. Mir wäerte préiwen, ob eng deelweis Legaliséierung a staatlech kontrolléierten Installatiounen hëllefe kann, fir dat Zil z’erreechen.

Verjärungsfrist fir Vergewaltegungen ofschafen

Den Ament verjäre Vergewaltegungen no 10 Joer. Den Täter kann no dëser Frist also net méi zur Rechenschaft gezu ginn. A ville Länner soll déi Frist op 20 oder esouguer 30 Joer verlängert ginn. D’DP wäert déi Frist zu Lëtzebuerg ganz ofschafen, well verschidden Affer eréischt no Joerzéngte capabel sinn, eng Plainte wéinst esou Verbriechen ze maachen. Mir sinn der Meenung, datt dat psychescht Leed vun den Affer net och nach doduercher verstäerkt dierf ginn, datt den Auteur vum Verbriechen dovunner profitéiert, datt d’Affer sech eréischt méi spéit iwwerwanne kënnen, wéinst esou engem Verbrieche juristesch virzegoen.

De Prinzip vun der Mediatioun ausbauen

D’DP setzt ganz kloer op d’Mediatioun, déi eng vertraulech, séier a bëlleg Léisung ass, fir déi verschiddenst Differenzen ze klären. D’Mediatioun huet déi lescht Jore staark zougeholl, egal ob et sech em familiär, zivil, geschäftlech oder esouguer strofrechtlech Fäll gehandelt huet. Eng Partie Verwaltunge beruffen sech bei hiren Decisiounen op de Prinzip vun der Mediatioun. D’DP ass vun der Mediatioun iwwerzeegt –zemol am Kontext vun der sozialer Kohäsioun. Dofir wëlle mir d’Mediatioun stäerken an dofir suergen, datt dat Instrument besser an der Ëffentlechkeet bekannt gemaach gëtt.

Äschendispertioun am Mier oder a Flëss erlaben

D’Verbonnenheet mat der Natur an de fräie Choix vun der Plaz wou ee begruewe gëtt, maachen d’Äschendispertiounen am Mier oder an engem Floss ëmmer méi beléift. D’Rou vum Waasser bitt den Hannerbliwwenen dacks Trouscht an hirer Trauer. D’DP wëll d’Gesetzgebung vum Begriefnis, de gesellschaftleche Realitéiten no, liberaliséieren, fir esou nei Forme z’erlaben. D’Manéier vum Begriefnis muss awer dem formelle Wonsch vum Verstuerwenen entspriechen.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp