André Bauler

KEP 1.0 – Kultur als Dialog an Invest

3 Froen un den André Bauler

Enn Abrëll war an der Chamber eng grouss Orientatiounsdebatt iwwert de Kulturentwécklungsplang 1.0. E Plang, deen d’Aarbechten an der parlamentarescher Kulturkommissioun schonn zanter e puer Joer beschäftegt, an deen haut – matzen an der Covid-19 Pandemie – eng ganz aner Bedeitung huet ewéi nach 2018.  

André, du als DP-Spriecher am Beräich vun der Kultur hues laang op dës Debatt higeschafft. Kanns du eis kuerz erklären, ëm wat et beim sougenannte K.E.P.1.0 geet?

De KEP ass e Plang mat Recommandatiounen, fir d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg weider z’entwéckelen a virunzebréngen. Et ass wichteg ze betounen, datt et kee politescht Dokument ass. Kultur ass eppes Lieweges an d’Politik soll dat kulturellt Liewe fërderen, ënnerstëtzen a begleeden, ouni sech an d’Kreativitéit vun de kulturschaffende Leit anzemëschen. Et geet also just dorëm, datt d’Kultur e gudde politesche Kader kritt, fir sech kënnen z’entwéckelen. Dat heescht, datt een de Kulturschafenden d’Mëttel gëtt, fir méi bekannt a visibel ze ginn, a fir kënnen op finanziellem Plang ze bestoen. An engems sollen déi jonk Leit fir d’Kultur sensibiliséiert ginn.

Elo ass de Kultursecteur wärend der Pandemie besonnesch haart getraff ginn.  Huet d’Kommissioun sech och mat deem Problem befaasst?

Grad am Kader vun der Pandemie muss ee sech sécher weider mam Statut de l’artiste a mat der Professionaliséierung vun der Kulturzeen beschäftegen. D’Reform vum Artistestatut kënnt elo esouguer méi séier virun, wéi ursprénglech geplangt. D’Covid-19-Pandemie huet eis de verletzleche Mënsch hannert dem Kënschtler virun Ae gefouert. Ob dat elo de Beruffskënschtler oder den Intermittent du spectacle ass, ännert näischt un der Saach: D’Politik muss de Kulturschafende finanziell hëllefen, fir datt si kënne vun hirer Konscht liewen. 

Mir schwätzen hei also vun engem Investissement am nobele Sënn vum Wuert? 

Wien an d’Kultur investéiert, investéiert an de Mënsch an an de gesellschaftlechen Zesummenhalt. Et investéiert een an déi kulturell Bildung an an d’Stäerkung vum Standuert Lëtzebuerg a senger ganzer kultureller Diversitéit. Kultur ass keen nice to have, ma eng Noutwenegkeet, fir datt sech eng Gesellschaft an der Oppenheet an an enger kreativer, innovativer Dynamik weiderentwéckele kann, ouni eisen eenzegaarte kulturelle Patrimoine ze vergiessen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...