Landwirtschaft a Wäibau

Landwirtschaft

Landwirtschaft: Héichwäerteg Liewensmëttel lokal an nohalteg produzéieren

De Landwirtschaftssekter, zu deem d’Landwirtschaft, de Wäibau an den Uebst- a Geméisubau gehéieren, versuergt d’Mënschen zouverlässeg mat héichwäertege Liewensmëttel aus lokaler Produktioun. D’Corona-Kris an de Krich an der Ukrain hu ville Biergerinnen a Bierger de Wäert an d’Bedeitung vun der nationaler Liewesmëttelproduktioun gewisen. Besonnesch bei der Ernärungsécherheet spillt d’Landwirtschaft eng ganz wichteg Roll. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Landwirtschaft weider stäerken, dem Sekter bei der Digitaliséierung a beim Asaz vu modernsten Technologien zur Säit stoen, an dem Consommateur eng nach méi grouss Viilfalt un héichwäertege Produkter aus Lëtzebuerger Produktioun ubidden.

D’Landwirtschaft spillt och eng predominant Roll beim Ëmweltschutz, dem Erhalt vun der Aarteviilfalt a bei der Lutte géint de Klimawandel. Dobäi geet et net just ëm d’Reduktioun vun den eegenen Emissiounen, ma och ëm déi nohalteg Flächebewirtschaftung, déi d’Resilienz vum natierleche Liewensraum stäerkt an dobäi hëlleft, fir Kuelestoff zu bannen. Fir d’DP sinn d’Baueren an d’Wënzer wichteg Partner, déi mir beim Iwwergang zu enger méiglechst ëmweltfrëndlecher a ressourceschounender Produktioun ënnerstëtzen.

D’DP wäert sech an den nächste Joren dofir asetzen, de landwirtschaftleche Betriber en ugemiessent Akommes ze sécheren, hir Konkurrenzfäegkeet ze stäerken, besonnesch Familljebetriber an Nischen-Segmenter z’ënnerstëtzen an d’Produktioun ze diversifiéieren. Mir wäerten och aktiv de Generatiounwiessel bei der Reprise vun engem Bauerebetrib supportéieren.

Déi vun der DP geféiert Regierung huet an der leschter Legislaturperiod d’Weiche fir eng zukunftsorientéiert Landwirtschaft gestallt, ë.a. mam Plan stratégique national (PSN), fir déi gemeinsam Agrarpolitik (GAP) vun 2023 bis 2027 dem neien Agrargesetz, dem Aktiounsplang PAN BIO 2025 an dem aktualiséierten Energie- a Klimaplang unzepassen. Dorobber wäert d’DP e Modell fir d’Landwirtschaft no 2027 opbauen.

D’DP leet vill Wäert dorobber, datt d’Regierung an d’Landwirtschaft sech reegelméisseg op engem Zukunftsdësch gesinn, fir zesumme Léisungen op déi grouss Erausfuerderungen ze fannen. Mir wäerten d’Situatioun vum Sekter genee am A behalen an de kommenden Entwécklunge beschtméiglech virgräifen.

Alimentatioun a Landwirtschaft sinn zwou Säite vun enger Medail. D’DP wäert d’Kompetenze vum Landwirtschaftsministère ëm alleguerten d’Aspekter erweideren, déi mat der Ernärung ze dinn hunn. An deem Kontext solle virun allem d’Sensibiliséierung vun enger gesonder Alimentatioun an den Estime fir déi lokal a saisonal Liewensmëttel weider gefërdert ginn. Fir eng besser Berodung a méi Kontrollen ze garantéieren, wäert d’DP d’Kompetenze vun der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) erweideren an hir zousätzlech Personal zur Verfügung stellen.

Fir d’DP ass et wichteg, déi kommend Generatiounen an der Landwirtschaft z’ënnerstëtzen an d’Zukunft vum Sekter ofzesécheren. Op der Basis vum neien Agrargesetz, mat deem schonn nei a verstäerkten Hëllefe geschafe ginn sinn, fir d’Reprise oder d’Grënnung vum engem Bauerebetrib ze vereinfachen, sollen d’Jongbaueren dobäi ënnerstëtzt ginn, fir esou vill Know-how ewéi méiglech opzebauen, fir hire Betrib beschtméiglech ze féieren. D’DP wäert doriwwer eraus d’Berodung bei der Grënnung vun enger landwirtschaftlecher Entreprise ausbauen.

D’DP wëll sech dofir asetzen, datt d’Programmer vum Lycée Technique Agricole (LTA) weider moderniséiert an ausgebaut ginn. Déi nei Technologië spillen eng ëmmer méi wichteg Roll am landwirtschaftechen Alldag. Dofir sollen déi kommend Baueren direkt domadder vertraut gemaach ginn an déi néideg Kompetenze kréien.

Doriwwer eraus wäert d’DP d’Offer u Berodungen a Weiderbildungen an deem Beräich ausbauen, fir experimentéierte Baueren d’Méiglechkeet ze ginn, op deem neiste Stand ze bleiwen.

D’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ass nach ëmmer staark vun der Produktioun vu Mëllech- a vun Fleesch markéiert. Aner Produkter, wéi z.B. Uebst a Geméis oder Gefliggel spillen dogéint eng manner grouss Roll. D’DP wëll déi landwirtschaftlech Diversifikatioun ausbauen an och Nischeproduiten (Hanf, Quinoa oder Soja) méi staark fërderen. Well de Wiessel op alternativ Produkter – trotz e sëllegen Efforten – an de leschte Joren nëmme lues virukomm ass, wäert d’DP d’Grënn dofir analyséieren, d’Kaderbedingungen adaptéieren an eventuell zousätzlech finanziell Ureizer schafen.

Esou wäert d’DP z.B. d’Prozedure fir d’Autorisatioun vun Zäre méi einfach maachen, well den Uebst- a Geméisubau hei am Land dacks nëmme banne méiglech ass. Am Idealfall sollten déi Zäre klimaneutral an energieeffizient funktionéieren, beispillsweis duerch eng Ukopplung un eng Biogasanlag.

Wéinst den Auswierkunge vun der Äerderwäermung sollte virun allem dem Klima ugepassten Kulture gefërdert ginn, déi resitent géint d’Dréchent sinn, wouduerger och de Risiko vu Verloschter bei der Quantitéit a bei der Qualitéit reduzéiert gëtt. Et soll méi staark op ofwiesselnd Pflanzenzorten a manner op Monokulture gesat ginn.

De Marché vum Soom gëtt haut vu groussen Agrarkonzerner dominéiert, déi sech déi deier Tester an d’Beleeger fir den Enregistrement vun hirem Soom am europäesche Regëster leeschte kënnen. Well et sech bei deem industrielle Soom awer dacks ëm net-reproduzéierbaren Hybrid-Soom handelt, sinn d’Bauere vun der ganzer Produitspalett vun e puer wéinege Konzerner ofhängeg. D’DP wëll erëm méi op de Soom vun de Bauere setzen. Well duerch d’Ausséie vum Soom vun der recoltéierter Fruucht oder vum Gras, ensteet no an no ee robusten, un déi lokal Konditiounen ugepasste Soom.

D’DP wëll dofir de Soom-Marché zu Lëtzebuerg liberaliséieren. Baueren a Privatleit vun hei sollen kënne lokal Zorte kafen, verkafen an och kultivéieren; och wann en net am EU-Zorte-Regëster oder am nationale Regëster agedroen ass. Traditionelle Soom vun de Bauere kann zu engem wichtege Bäitrag ginn, fir d’Produktioun dem Klimawandel unzepassen, fir Stäerkung vun der Aartevillfalt, fir e besseren Ëmweltschutz ze leeschten, well widderstandsfäeg Kulture manner Planzeschutzmëttel brauchen.

Cf. Kapitel Nohaltegkeet

Cf. Nohaltegkeet

D’Lëtzebuerger Agrarproduktioun steet fir lokal Produite vun héchster Qualitéit, déi wéinst de kuerze Weeër an der Regel och d’Ëmwelt besser schounen. D’DP setzt sech fir méi lokal a regional Produkter an; virun allem an de Schoulen, an de Maisons-relaisen, an de Crèchen, Spideeler an an den Alters- a Fleegeheemer.

D’DP ass fir d’Vermaartung vun de Produkter vu Lëtzebuerger Produzenten a wäert deementspriechend Initiativen a Strukture weider fërderen an ausbauen. An deem Kontext spillen d’Labelen eng wichteg Roll. D’DP wäert deen an der leschter Legislaturperiod decidéierten, nationale Qualitéits- an Zertifizéierungssystem fir landwirtschaftlech Produiten evaluéieren an eventuell upassen.

D’Biolandwirtschaft spillt net nëmmen an der Diversifikatioun eng wichteg Roll, si liwwert och Äntwerten zum Naturschutz, dem Waasserschutz, der Biodiversitéit, a generell zu enger schounender a laangfristeger Notzung vun den natierleche Ressourcen. D’Demande no lokale Biodrodukter stagnéiert zwar zu Lëtzebuerg, ma eist Land läit op der drëtter Plaz an der EU, wat de Konsum vu Bioproduiten ugeet.

D’DP wäert d’Biolandwirtschaft mat hire Vertrieder analyséieren, an eventuell Mesuren decidéieren, fir de Sekter méi ze supportéieren. D’Zilsetzung muss ambitiéis an awer realistesch sinn. D’Moyene mussen de Baueren ziilgerecht accordéiert ginn. Genee esou wichteg ass eng gutt Begleedung an eng gutt Berodung fir d’Baueren, déi op Bio ëmklamme wëllen. D’DP wëll kucken, wéi wäit den Aktionsplang PAN-Bio 2025 nach ka méi op d’Praxis orientéiert ginn; a puncto Produktioun an a puncto Vermaartung.

D’Landwirtschaft spillt eng weesentlech Roll an der Lutte géint de Klimawandel. Engersäits mussen d’Emissounswäerter reduzéiert ginn, anerersäits dréit eng nohalteg Flächenbewirtschaftung zur Diversitéit vun den Aarten an zur organescher Späicherung vu Kuelestoff bäi.

Esou wäert d’DP d’Bauere bei der Reduktioun vun den Ammoniak-Emissioun bei der Ranner-Zuucht geziilt ënnerstëtzen, andeem d’Ëmsetzung vun den entspriechende Mesuren, an de Wiessel op Prozedure mat manner Emissiounen iwwer d’Agrargesetz ënnerstëtzt ginn. Z.B. Mesuren iwwer d’Hale vun Béischten am Stall, d’Reduktioun vun der Gülle, vun der Mëscht a vum synthetesche Stickstoffdünger, souwéi en equilibréiert Fidderen ouni Protein-Iwwerschoss.

Zousätzlech wäert d’DP déi aktuell Klima- an Ëmweltprogrammer mat entspriechenden Hëllefsprogrammer weider ausbauen. Op Basis vun den Experienze mam aktuelle Prämiesystem, gëtt gepréift, ob a wéi wäit déi verschidde Reegelunge mat hirem Finanzkader mussen ugepasst ginn.

En vue vun den ëmmer méi evidenten Auswierkunge vum Klimawandel muss d’Resilienz vun der Landwirtschaft gestäerkt ginn. Konkret wäerte mir d’Agroforst-Wirtschaft duerch zousätzlech Hëllefe fërderen. D’Komibinatioun vu Beem a Felder hëlleft, fir d’Dréchente besser z’iwerstoen, protegéiert d’Biedem virun der Erosioun a stäerkt d’Diversitéit duerch nei Liewensraim.

Schliislech wäerte mir de Klimakonditiounen ugepasst Planzen amplaz vu Monokulturen fërderen. D’DP ënnerstëtzt och déi regenerativ Landwirtschaft, déi op klima-resilient a laangfristeg Landnotzung opbaut, genee esou wéi op Initiativen am Beräich vun der Solidarwirtschaft.

De Klimawandel stellt eng grouss Eraufuerderung mat lokalen Auswierkungen duer (Stierm, Iwwerschwemmungen, Dréchenten,…). D’DP setzt sech fir méi attraktiv Multirisques-Assurancen an. An dem Kontext sollen och d’Meteo-Statiounen vun der ASTA (Administration des services techniques de l’agriculture) weider ausgebaut ginn. D’Informatioune solle weider un alleguerten d’Baueren erausgoen.

Cf. Kapitel Nohaltegkeet

Cf. Kapitel Nohaltegkeet

D’DP setzt sech fir en nohaltegen Asaz vu Planzeschutzmëttel an, fir d’Aartevillfalt an d’Oberflächenwasser, respektiv d’Quellen ze schützen. De Strategieplang fir d’GAP 2023-2027 gesäit eng Partie Mesurë fir manner Planzeschutzmëttel vir, déi de Baueren, de Wënzer an de Geméis- an Uebstbauere vun 2023 un zur Verfügung stinn.

D’DP wäert dofir suergen, datt eventuell Méikäschten duerch de Verzicht op Planzeschutzmëttel ausgeglach ginn. Weider wäerte mir d’Aus- a Weiderbildung am Kader vun der Reduktioun vu Planzeschutzmëttel ausbauen an d’Sensibiliséierung verstäerken.

D’DP setzt sech weider fir d’Sortie vum Gebrauch vu Glyposat an a préift, wéi sech en nationaalt Verbuet duerchsetze léist. Mir ënnerstëtzen de fräiwëllege Verzicht op Glyphosat duerch Hëllefen. Op EU-Niveau si mir dofir, datt Glyphosat Enn 2023 net verlängert gëtt.

Ënnert dem Lead vum deemolegen DP-Landwirtschaftsminister huet Lëtzebuerg 2018 dat modernsten Déiereschutzgesetz an Europa kritt. D’DP hält op eng genee Applikatioun vun deem Gesetz a wëll méi Kontrolle maachen. Verstéiss solle konsquent poursuivéiert ginn; bei Hausdéieren a bei Notzdéieren. D’DP wäert eng Ulafstell nom Virbild vum Ombudsman schafen, wou d’Leit kënne Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz mellen.

Doriwwer eraus wäert d’DP sech fir méi e strengen Déiereschutz op europäeschem Niveau asetzen. Mir wäerten eis besonnesch fir e Verbuet vu Pelzfarmen a fir méi streng Reegele fir ’Déierentransporter asetzen an een Exporverbuet vu liewegen Déieren an net EU-Schluechthaiser staark maachen.

Schliisslech setzt d’DP sech dofir an, datt Déiereversich an der EU sech mussen un den ethesche Prinzip vum 3R (Replace, Reduc, Refin) halen. Konkret heescht dat, datt Déiereversich mussen op e strikte Minimum begrenzt an duerch aner Methoden ersat ginn. Just an deene Fäll, wou Déiereversich onbedéngt néideg sinn, solle si ënner strengen Oploen autoriséiert ginn. D’Zuel an d’Belaaschtung vun den Déieren sollt deen Ament awer esou kleng ewéi méiglech gehale ginn.

D’DP wäert zousätzlech Mesuren ënnerstëtzen, fir d’Réi-Kize wärend der Zäit vum Méien op de Felder ze schützen a fërdert dofir Pilotprojeten an deem Sënn. Esou sollen d’Projete mat enger Dron, wéi se elo schonn am Weste vum Land duerchgefouert ginn, op d’ganz Land ausgebaut ginn.

Och am Agrarsekter bitt d’Digitialiséierung grouss Chancen: Dronen, Robotik, Internet of Things (IoT) – modernsten Technologien erméiglechen z.B. méi e präzisen Asaz vun Dünger a Planzeschutzmëttel an droen esou net nëmmen zu enger gréisserer Efficacitéit bäi, ma hëllefen och bei enger méi klima- an ëmweltfrëndlecher Bewirtschaftung vun de landwirtschaftleche Flächen.

D’DP wäert dofir eng Strategie fir d’Digitaliséierung vun der Landwirtschaft ausschaffen. Konkret Mesuren a staatlech Hëllefe sollen eng méi präzis Landwirtschaft fërderen. D’DP wäert och d’Fuerschung an deem Beräich stäerken an innovativ Projete fërderen, fir nei Léisunge fir d’Erausfuerderungen an der Landwirtschaft z’entwéckelen, wéi z.B. déi vertikal Landwirtschaft (vertical farming).

D’EU-Decisioun fir 4 Prozent vun de Felder brooch leienzeloossen, gëtt dacks als net-effikass kritiséiert, well dat d’Produktioun vu Liewensmëttel reduzéiert, a well och net gewosst ass, wéi staark déi Mesure zur Biodiversitéit bäidréit. Mir sinn dofir fir eng kritesch Analys.

All Joer ginn an der Moyenne 88,5 Kilo Liewensmëttel op de Kapp ewechgeschmass. E groussen Deel dovunner kéint evitéiert ginn. D’DP wëll dee Gaspillage op en absolutte Minimum reduzéieren a wëll d’Beméiungen aus de leschte Joren an deem Sënn ausbauen.

Mir wëlle reegelméisseg Sensibiliséierungs- an Informatiounscampagnen organiséieren, fir d’Bewosstsinn vun de Leit ze stäerken. Mir wäerten och Initiativen a Projeten ewéi Antigaspi-Frigoen oder d’Vente vu Liewensmëttel, dat net den Normen entsprécht, ënnerstëtzen an d’Kollaboratioun mat all den Akteuren aus der Produktiouns- an aus der Verwäertungskette verdéiwen.

Schonn haut spende vill Supermarchéë periméiert, awer gutt Liewensmëttel u karitativ Organisatiounen. D’DP wëll kucken, a wéiwäit e legale Kader hei kéint d’Entsuergung vu genéissbare Liewensmëttel – virun allem duerch soss Entreprisen a duerch Kantinnen – verbidden.

Besonnesch bei staatleche Kantinne wëll d’DP dofir suergen, datt d’Verschwendung vu Liewensmëttel op en absolutte Minimum reduzéiert gëtt. Fir eng besser Planungsécherheet, wëll d’DP dofir den Eltere vu Kanner, déi sech net an der Kantin ofmellen, dat Mëttegiesse verrechnen.

Dee vum viregten DP-Landwirtschaftsminister ageféierte Landwirtschaftsdësch mat Vertrieder vun der Regierung an aus dem Ernärungs- a Landwirtschaftssekter spillt eng wichteg Roll, fir zesummen Äntwerten op wichteg Froe vum Sekter ze fannen. D’DP wäert dofir suergen, fir de Landwirtschaftsdësch och an Zukunft reegelméisseg zesummekënnt, datt hien an all wichteg Decisioune mat agebonne gëtt a geziilt un den Diskussiounen iwwert den neien Nationale Strategieplang (PSN) bedeelegt gëtt.

Duerch déi energeetesch Verwäertung vu Gülle, Mëscht, Iessreschter a soss organeschem Offall kënne Biogas-Anlagen e wichtege Bäitrag zur Kreeslafwirtschaft leeschten. D’DP wäert déi Energieproduktioun duerch eng attraktiv Tarifikatioun ënnerstëtzen. Fir d’Nohaltegkeet awer besser ze garantéieren, wäerte mir d’energeetesch Verwäertung vun extra dofir ugebaute Kulture reduzéieren.

Vill Betriber si fir d’Recolten op Saisonaarbechter ugewisen, déi ëmmer méi dacks aus Drëttstaate kommen, well net genuch Aarbechtskräften an der EU disponibel sinn. D’DP wëll d’Prozeduren an déi legal Dispositioune fir d’Embauche vun esou Leit vereinfachen.

Wäibau

De Wäibau huet eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg an huet eng extra grouss kulturell Bedeitung fir d’Land. De Wäibau ass och e wichtege Faktor fir d’Tourismusbranche a fir den Image vu Lëtzebuerg an der Welt. D’DP wëll d’Efforten aus de leschte Jore weiderféieren, fir d’Zukunft vum Sekter ofzesécheren. Och am Wäibau sinn d’Konsequenze vum Klimawandel ëmmer méi ze spieren, firwat eng méi nohalteg Bewirtschaftung, déi sech de klimatesche Bedingungen upasst, néideg ass. D’DP wäert d’Wënzer dobäi mat Rot an Dot ënnerstëtzen.

D’DP wëll och verhënneren, datt ëmmer méi Wéngerte brooch leiegelooss ginn. Dofir wäerte mir Instrumenter schafen, déi d’Produktioun op deene Fläche weider méiglech mécht.

D’Wënzer hu scho vill Efforte bei der Reduktioun vu Planzeschutzmëttel gemaach. Et gëtt awer keng Alternativ fir si bei der Lutte géint Pilzkrankheeten. Dofir sollt d’Fuerschung bei der Sich no Alternativen ënnerstëtzt ginn, fir Planzeschutzmëttel esou wäit ewéi méiglech ze reduzéieren. Och den Ubau vu resistente Riewen (Piwi’s) sollt erfuerscht a gefërdert ginn.

D’DP wäert d’Vermaartung vum Lëtzebuerger Wäi weider ausbauen a verbesseren.

Cf. Kapitel Wirtschaftspolitik

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp