Lutte géint haislech Gewalt

Déi haislech an och geschlechtsorientéiert Gewalt ass eng traureg Realitéit zu Lëtzebuerg. Bal d’Hallschent vun de Fraen huet scho Gewalt duerch e Partner erlieft, méi wéi een Drëttel war d’Affer vun esou Violence doheem.

Fir d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes ass d’Null-Toleranz an dësem Fall eng kloer Prioritéit, déi di ganz Gesellschaft fuerdert a gläich e puer Ministèrë betrëfft. Dëst sot si den 13. Abrëll 2026 an der zoustänneger Chamberkommissioun. De MEGA (Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité) ass do haaptsächlech fir d’Sensibilisatioun, d’Prise en charge a fir d’Informatioun zoustänneg.

D’Zil – ë.a. zesumme mat der Police an der Justiz – wier kloer e bessere Schutz a méi eng effikass Prise en charge vun den Affer, eng Upassung vun de Sanktioune géint d’Täter, grad ewéi d’Unerkennung vum effektiven Impakt vun der Gewalt op d’Affer.

Et wier elo un der Zäit, déi Dispositive konkret ze stäerken. De Comité violence, deen sech aus verschidde Ministèren a Verwaltungen zesummesetzt, huet sech där Saach ugeholl an och Recommandatiounen ausgeschafft. Zejoert ass den éischten Nationalen Aktiounsplang géint geschlechtsbaséiert Gewalt vun der Regierung ugeholl ginn, deem seng Mesuren natierlech musse weider ëmgesat ginn. Grad esou wéi d’Transpositioun vun der Direktiv Lutte contre la violence à l’égard des femmes et de la violence domestique, déi muss bis Juni vum anere Joer an d’Praxis ëmgesat ginn.

Op finanziellem Niveau geet de Budget vum MEGA am Kontext mat de Konventioune weider an d’Luucht: e Plus vu 25 Prozent, bal 29 Milliounen Euro fir de lafenden Exercice. Fir dat anert Joer freet de Ministère eng Croissance vu 45 Prozent. Iwwer 65 Prozent vum MEGA-Ministère geet an de Kampf géint d’Gewalt.

Eng éischt Ännerung um Terrain betrëfft de Centre national pour victimes de violences (CNVV), deen den 28. Abrëll 2025 seng Diren opgemaach huet a vun dësem Mee un 24/7 op an iwwer Telefon z’erreechen ass. Deen Ament ass och eng national Informatiounscampagne iwwer haislech Gewalt virgesinn. Den Zentrum huet dëst Joer aacht Poste bäikritt. Zanter der Ouverture viru gutt engem Joer hu sech ronn 400 Leit wéinst haislecher Gewalt gemellt. 26 mol ass et dono zu enger Visite vun der Police komm, zéng Leit hunn op der Plaz eng Plainte gemaach. Déi éierenamtlech Juristin huet siwe Berodunge gemaach. Besonnesch psychologesch Gewalt hëlt ëmmer weider zou, an d’Famill bleift dat Ëmfeld, an deem déi meescht Iwwergrëff stattfannen.

Eng Upassung vum Gesetz iwwer d’Protektioun viru Gewalt ass am Gespréich, esou d’Yuriko Backes. D’Gesetz vun 2003 definéiert, wee sech ëm d’Affer an d’Täter vun haislecher Gewalt bekëmmert. Den Ament wier just d’Betreiung vun de Kanner obligatoresch, déi am concernéierte Stot liewen. Do ass virgesinn, fir d’Mesuren och op déi Kanner auszebauen, déi indirekt ënnert der Gewalt leiden.

Den nationalen Zentrum fir d’Affer vu Gewalt (CNVV) proposéiert eng ambulant Prise en charge bei Urgencen. De Centre offréiert eng spezialiséiert Begleedung fir alleguerten d’Affer vu kierperlecher, sexueller oder séilescher Gewalt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Walen an Ungarn, d’Lutte géint haislech Gewalt a kulturell a kreativ Aktivitéiten an der Schoul.

weiderliesen...