Martine Dieschburg-Nickels – Méi Support fir d’Gemengen

Neen, d’Pandemie vum Covid 19-Virus huet d’Aarbecht vun der Federatioun vun den DP-Gemengevertrieder zu Lëtzebuerg net stoppe kënnen.

D’Presidentin Martine Dieschburg-Nickels fënnt, datt een dat lescht Joer trotzdeem gutt geschafft hätt, och wann digital Versammlungen ni kéinten de perséinleche Kontakt ersetzen.

Ma op der leschter Generalversammlung am November hätt een esouguer aussergewéinlech vill Leit zesummekrut, besonnesch aus de Géigende baussent dem Zentrum vum Land. Dat géing dee gudden Elan aus de leschte Jore bestätegen, an deenen nei, motivéiert Leit aus deene 4 Bezierker an d’FCCD dobäi komm wieren.

D’Pandemie hätt gewisen, wéi eng wichteg Roll d’Gemengen am Land spillen. An déi lescht Méint wieren d’Aufgaben op kommunalem Niveau wéinst dem Virus esouguer an d’Luucht gaangen.

Dat géing awer och fir de Logement gëllen, wou een sech méi séier Prozeduren a méi Bäihëllefe vum Staat erwaart, fir senger Roll kënne gerecht ze ginn. De kommunalen Niveau géing hei no an no u seng Limitte stoussen. Net ze vergiessen, datt méi Logement méi Awunner bedeit. An dat verlaangt alt erëm méi Gemengen-Infrastrukturen a -Servicer.

D’FCCD wëll op alle Fall weider un dësen Dossiere schaffen a mathëllefen, datt d’DP hei koherent an innovative Léisungsvirschléi presentéiere kann.

FCCD

D’Fédération des Conseillers communaux démocrates regroupéiert déi gewielte Gemengevertrieder vun der DP, awer och d’DP-Kandidate vun de leschte Gemengewalen. D’FCCD diskutéiert reegelméisseg iwwert d’Themen, déi d’Entwécklungen op Gemengenniveau betreffen. D’Federatioun gëtt vun der DP-Conseillère Martine Dieschburg-Nickels vu Stroossen presidéiert.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...