Christine Fixmer

Mataarbechter am Portrait

Wat fir Dossiere betreis du op denger Aarbecht? 

Meng gréissten Dossiere sinn d’Justiz an d’Institutioune mat der Verfassungsrevisioun. Donieft bekëmmeren ech mech ëm d’Fonction Publique an d’Medien & Kommunikatioun, wou mer virum Summer dat neit Pressehëllefgesetz finaliséiert hunn. Och d’Aussepolitik an Europa falen a mäi Beräich.

Firwat hues du dech bei der DP-Fraktioun gemellt?

Ech war scho virdru bei der JDL aktiv. Dofir sinn ech elo frou, fir mech an eiser dynamescher Ekipp z‘engagéieren an eppes an der Politik mat ze beweegen. 

Wanns du eng politesch Iddi direkt kéints ëmsetzen, wat fir eng wier dat?

De Remboursement vu psychologeschen a psychotherapeuteschen Therapien. Déi mental Gesondheet ass kee Luxus – si betrëfft jiddereen, mee net all Mënsch huet d’Chance fir sech ouni Weideres kënnen Hëllef ze leeschten.

Wat war bis elo däin houfregste Moment an der Fraktioun?

Ech sinn immens houfreg, fir mam Simone Beissel zesummen um Dossier vun eiser Verfassung ze schaffen. Eis Konstitutioun huet eng laang Geschicht a si ass e wichtege Pilier fir d’Zesummeliewen an eiser Gesellschaft an an eiser Demokratie.

Wéi géifs du dech selwer an dräi Wierder beschreiwen?

Interesséiert, oppen, zeréckhalend– an e grousse Pasta-Fan!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...