Gilles Baum

Déi mental Gesondheet zu enger politescher Prioritéit maachen

Mir leiden alleguerten ënnert der sanitärer Kris. Ongewëssheet, Existenzängscht an Isolatioun hunn en negativen Impakt op eist Liewen. D’DP wëll dofir an dësen Zäiten de Bléck op déi mental Gesondheet vun der Gesellschaft net vernoléissegen.

Den Tabu an de Stigma maachen et ville Leit schwéier, fir iwwert hir mental Gesondheet ze schwätzen. D’DP wëll mat alle Mëttelen dogéint virgoen. Kee soll sech dofir schumme mussen, wann en Hëllef brauch. Et ass och an zemol un der Politik, fir d’Leit z’informéieren an ze sensibiliséieren, fir Burn-out, Depressiounen a Suiciden ze verhënneren.

An deem Kader huet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum eng Interpellatioun zum Thema Suicide a mental Gesondheet ugefrot, déi Enn Januar an der Chamber debattéiert ginn ass. A senger Interventioun ass de Gilles Baum op d’Wichtegkeet vun der Preventioun an der Prise en charge agaangen. Besonnesch de Manktem u Psychiateren an d’Finanzéierung vun den Therapië géifen engem Suerge maachen.

D’DP wëll d’Präventioun dofir weider stäerken a setzt sech fir eng besser Betreiung vun de Patienten an, andeems de Beruff vum Psychiater revaloriséiert gëtt, z.B. duerch d’Remuneratioun vun de Garden. Ma och de Remboursement vun de Psychotherapie wier scho laang iwwerfälleg, esou de Gilles Baum.

„Mir këmmeren eis”

Wärend der Pandemie huet den Educatiounsminister Claude Meisch besonnesch vill Wäert op d’Gesondheet vun de Kanner a Jugendleche geluecht. D’Rentrée 2020/2021 stoung ganz am Zeeche vun der Campagne – „Mir këmmeren eis. Wuelbefannen an Zukunftschancen“, mam Fokus op d‘Präventioun vu Gewalt- a Suchtverhalen, déi mental Gesondheet, déi sozial Medien an déi sexuell Opklärung. An de Lycéeë ginn d’Équipes de soutien des élèves à besoins spécifiques (ESEB) nach eemol verstäerkt. An Zukunft wäerten och eng Rei Präventiounsprogramme vum Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) lancéiert ginn, déi d’Elteren an d’Enseignanten nach eng Kéier iwwert dëse wichtege Sujet sensibiliséiere sollen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...