Um éischten Nationalkongress en présentiel nom Ufank vun der Covid-Pandemie huet eis Partei eng nei Féierung gewielt. Zu Bartreng am
Centre Atert hu ronn 300 DP-Memberen de 26. Abrëll fir eng ganz grouss Majoritéit fir de Lex Delles (President), d’Carole Hartmann (Generalsekretärin), de Max Hahn (1. Vizepresident), de Marc Hansen an de Claude Lamberty (2. Vizepresidenten) an d’Myriam Feyder (Trésorière) gesuergt. An engems ass och eise Comité directeur gewielt ginn.

Fir d’Corinne Cahen war et de leschte Kongress als Presidentin. D’Familljeministesch ass ewéi déi aner Riedner nach eemol op déi gutt Gestioun an der Krisenzäit zeréckkomm an huet mat engem emouvante Farewell ofgeschloss. 

De Premier Xavier Bettel an de ganze Sall hunn dem Corinne mat enger Standing ovation Merci gesot.

Lex Delles

„Déi grouss Zoustëmmung vum Kongress fir déi nei Ekipp un der Spëtzt vun der Partei war e staarkt Zeeche vu Support an Zesummenhalt.“

LEX DELLES
President

„Et war eng Freed, déi vill Leit um Kongress ze gesinn. Dorënner och vill nei Memberen.“

CAROLE HARTMANN
Generalsekretärin

„Et war e staarke Kongress, dee gewisen huet, datt d’DP breet opgestallt ass.“

MAX HAHN
1. Vizepresident

„Ech si besonnesch frou doriwwer, datt eis Jonk Demokraten esou präsent um Kongress waren.“

Claude Lamberty
Vizepresident

„E phantastesche Kongress, wou een sech endlech konnt erëmgesinn.“

MARC HANSEN
Vizepresident

„Merci fir déi grouss Zoustëmmung fir mech als neit Gesiicht am Bureau Exécutif.“

MYRIAM FEYDER
Tresorière

Ech sinn houfreg, en Deel vun der neier Ekipp ze sinn.

ANNE DAEMS
Generalsekretärin adjointe

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...